Betriber kruten d'lescht Joer 440 Milliounen Euro Hëllef vum Staat, also 170 Millioune méi ewéi d'Joer virdrun. D'Zuel un Demanden ass op ee Joer gekuckt vun 1.800 op 2.300 geklommen. 96% vun den accordéierten Aide riichte sech u kleng- a mëttelgrouss Betriber. Dee Bilan huet de Wirtschaftsministère e Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz gezunn. Net mat aberechent sinn aner staatlech Participatiounen a Betriber. Alles an allem entspriechen d’aides d’état hei am Land bal 0,97% vum PIB, wat liicht ënnert der EU-Moyenne wier.
D'Prioritéit bei den Hëllefe läit bei der Digitaliséierung. Am meeschte Subventiounen a steierlech Mesurë goufen et awer fir d'ekologesch an energeetesch Transitioun. Ënnerstëtzt ginn dann och d'Fuerschung oder d'Kreatioun vun neien Entreprisen.
Fir den Impakt vun den Hëllefen z'illustréieren, huet de Minister Lex Delles d'Beispill vun der Elektrifizéierung vun den industrielle Prozesser genannt. Duerch eleng 6 Projeten an 100 Milliounen Euro staatlech Hëllef géingen 270.000 Tonnen CO2 op 10 Joer agespuert ginn, wat dem Ausstouss vun 27.000 Autoen géing entspriechen.