Ronn 230 Salariéë betraffÉischte Kollektivvertrag bei der Firma Skyliners ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Den Accord tëscht LCGB, OGBL an der Direktioun gëllt fir ronn 230 Salariéen an ass den 1. Mee a Kraaft getrueden.
© Skyliners

Bei der Firma Skyliners gouf e wichtege Schratt fir d'Mataarbechter gemaach: den 30. Abrëll 2026 hunn d’Gewerkschaften LCGB (Majoritéitsgewerkschaft) an OGBL zesumme mat der Direktioun den éischte Kollektivvertrag fir d'Entreprise ënnerschriwwen. Betraff sinn ronn 230 Salariéen. Matgedeelt hu se dat awer elo eréischt den 11. Mee.

Déi nei Konventioun ass op den 1. Mee 2026 a Kraaft getrueden a baséiert gréisstendeels op de Kollektivverträg aus dem Bau‑Secteur, mat Adaptatiounen un d'Spezifizitéite vun der Firma.

D'Konventioun bréngt konkret Verbesserungen, dorënner 28 Congésdeeg fir jiddereen, eng järlech Primm a kloer Reegelen zur Aarbechtszäit. D'Gewerkschafte gesinn doran e positiivt Beispill fir sozial Fortschrëtter am Betrib.

Back to Top
CIM LOGO