
Am Zesummenhang mat der Tripartite wëll sech de Wirtschaftsminister net an d'Kaarte kucke loossen. Mir hunn de Lex Delles um Bord op enger Pressekonferenz gefrot, ob d'Regierung d'Steierverwaltung an de Statec scho gefrot huet d'Kafkraaft per Akommes-Klassen nei ze berechnen, respektiv de gestaffelte Steierkredit “Energie”, deen et 2022 an 2023 gouf. Seng Äntwert war: “Net en vue vu Mesuren.”
Hien hätt awer de Statec, deen ënnert senger Tutelle steet, beoptraagt Presentatioune vun der allgemenger ekonomescher Lag a vun der Kafkraaft fir en Dënschdeg virzebereeden an awer och Äntwerten op eng "panoplie" vun Demandë vun der Unioun vun den Entreprisen an de Gewerkschaften ze ginn.
Iwwerdeems de Premier sot, den Index wier a Stee gemeesselt, wollt de Wirtschaftsminister net soen, ob déi Ausso eng Kompenséierung vum Index fir d'Betriber oder e Verréckelen vun enger Tranche géing ausschléissen. De Lex Delles huet just op den CSV-DP Koalitiounsaccord verwisen, deen eng Tripartite virgesäit, wann et méi ewéi eng Tranche bannent engem Joer gëtt.