VerluerekaschtAutomobilistin gëtt presuméiertem Geeschterfuerer Schold fir Accident, Alkoholtest positiv

RTL Lëtzebuerg
De Weekend ass et an der Stad zu engem méi ongewéinlechen Accident komm, bei deem eng Fra iwwert eng Verkéiersinsel gefuer an dann an e Gelänner gerannt ass. D'Ermëttlunge vun der Police lafen.
© Laurent Weber

E Sonndeg de Moie kuerz no 7 Auer gouf der Police um Verluerekascht an der Stad en accidentéierten Auto gemellt. D'Fra, déi dora souz, hat uginn, datt si engem Geeschterfuerer ausgewach, doduerch iwwert eng Verkéiersinsel gefuer a schlussendlech an e Gelänner gerannt wier. Wéi sech méi spéit erausgestallt huet, stoung d'Fra dobäi allerdéngs ënner Alkoholafloss. Et gouf dowéinst ee Fuerverbuet ausgeschriwwen an d'Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

An der Nuecht op e Sonndeg gouf der Police dann nach e Grupp vu Leit gemellt, déi an enger Diskothéik an der Rue de Bouillon zu Hollerech mam Sécherheetspersonal uneneegerode wieren. E puer Patrulle vun der Police waren op der Plaz, wou véier alkoholiséiert an agitéiert Persounen ugetraff goufen. Well si an deem Zoustand fir sech selwer an och fir aner Leit eng Gefor duergestallt hunn, goufe si an de Passagearrest bruecht.

Back to Top
CIM LOGO