Internet an Telefonie betraffTechnesche Problem e Méindeg de Moie bei der Post

RTL Lëtzebuerg
Uechter d'ganz Land waren en Deel vun de Clientë vu Stéierungen an de Beräicher Internet an Telefon betraff.
© RTL Archivbild

Et wär kee globale Problem, déi mobil Reseaue wären net concernéiert.

Dat huet d'Post op Nofro präziséiert.

D'Originn vum Problem hätt identifizéiert kënne ginn. Ee Server hätt deels net richteg funktionéiert. D'Clienten, déi iwwer dee Server um Reseau hänken, géifen am Normalfall dann automatesch iwwer eng aner Maschinn versuergt ginn. Déi ''Redundanz'' hätt beim Incident e Méindeg de Moien net richteg funktionéiert, heescht et vu Post Telekom. Et war een awer zouversiichtlech, dass de Problem viru Mëtteg nach behuewen ass.

Back to Top
CIM LOGO