Emile EicherSyvicol verlaangt, datt Gemenge bei Corona-Entwécklunge musse gewarnt ginn

Pit Everling
D'Beispill vu Schëffleng hätt dat gewisen. Beim Syvicol stellt ee sech e "système de préalerte" vir.

Syvicol fuerdert Fréiwarnsystem - Reportage vum Pit Everling

Emile Eicher:Wat fir Problemer braue sech a wat fir enger Gemeng, Uertschaft, Quartier zesummen? Dat fänkt u bei de Kläranlagen, wou ee jo scho gesäit, wann d'Zuelen erop ginn, datt ee muss alertéiert sinn.Et wier et wichteg, datt d'Gemenge proaktiv kéinten agéieren.

Emile Eicher:Zum Beispill an de Maisons Relais oder Crèchen, déi dacks vu Gemenge geréiert ginn. Dat muss ee jo awer managen. Wann ee virbereet ass, ass dat méi einfach wéi wann dat vun engem Dag op deen anere kënnt, wou dann eng Situatioun einfach do ass.

Leider géing een ëmmer réischt eppes gewuer ginn, wann et bis sou wäit ass.

Emile Eicher:Et kann net sinn, datt mir op ärer Antenne oder duerch Eltere gewuer ginn, datt e Problem an enger Schoul ass. Dat muss een automatiséieren.Allgemeng misst bei de Schoulen de Kontakt mat der Santé méi enk ginn.

E weidere Problem gesäit den Emile Eicher beim Manktem u Personal. Dowéinst hätt een dem Educatiounsminister Claude Meisch en nationale Pool mat Reserve-Leit proposéiert, eppes wat de Minister och ëmgesat hätt.

Emile Eicher: Do feelen nach vill Leit. Mengen Informatiounen no koumen d'lescht Woch eng 70 Leit bäi. Mä dat ass jo Peanuts, wann een dat op d'ganzt Land kuckt.Wéi kommen eeler oder vulnerabel Leit an d'Impfzenteren? Eng weider Fro, déi sech op Gemengenniveau gestallt gëtt.
D'Gemeng Dikrech huet en Donneschdeg de Moie bekannt gemaach, datt et eng Kooperatioun mat enger Taxi-Firma gëtt.
Op d'mannst am Norde gëtt et lo eng weider Taxi-Initiative, sou den Emile Eicher.

Emile Eicher: De Forum pour l'emploi am Éislek, mat iwwer 40 Gemengen, wäert elo sou ee Service ubidden. D'Leit kréie garantéiert fir an den Impfzenter gefouert ze ginn. Deen Taxi waart dann do a féiert d'Persounen nees heem.Datt een am Ufank mol mat engem Impfzenter ufänkt, dat wier logistesch net anescht méiglech. Wa bis Vaccinen do wieren, déi bei nidderegen Temperature kéinte gelagert ginn, da wier et eng Piste fir an Dokteschpraxen ze impfen, sou nach den Emile Eicher.

Emile Eicher:Wat eis méi beonrouegt, ass datt mer um Wupp vun den europäesche Länner leie bei den Impfungen. Do fänken d'Leit un nervös ze ginn an do misst de Staat sech erklären.

Back to Top
CIM LOGO