Invité vun der Redaktioun (28. September) - Sven ClementDronen-Tëschefäll: "Déi éischte Kéier kann een iwwerrascht sinn"

François Aulner
E Méindeg de Moie waren déi rezent Drone-Virfäll Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Sven Clement
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

No de rezenten Dronen-Tëschefäll déi virläscht Woch werft de Piratendéputéierten Sven Clement der Regieurng eng katastrophal Kommunuikatioun vir. Hien huet sech e Méindeg de Moien hei op RTL gefrot, ewéi et zu deenen Tëschefäll konnt kommen. Et ass nämlech net fir d'éischte Kéier, datt onbekannt Dronen am Lëtzebuerger Himmel detektéiert goufen a schonn Ufanks vum Joer hätt d'Regierung der Chamber "héich an helleg" versprach, se géing alles maachen, fir datt et net méi dozou kënnt.

"Déi éischte Kéier kann een iwwerrascht sinn", esou de Sven Clement. D'Regierung hätt sech am Géigesaz zu engem gudden Iesel zweemol gestouss.

A sengen Ae misst Lëtzebuerg sech effektiv verdeedege kënnen. Den Invest an d'Defense misst intelligent sinn an net – “dat geet net andeems ee mat der Géisskan eng Kéier iwwert d’Land geet an hofft, datt duerno Blumme vun der Verteidegung oder vum Fridde wuessen”. Meeschtens kréichen ëmmer déi selwecht Firme Milliarden-Opträg an duerno hätt een deiert Ekipement, dat een no 10 Joer misst ersetzen.

Social Media net verbidden – mee "toxesch Mechanisme" reguléieren

Och wann nach net gewosst ass wien hannert den Drone stécht esou ass et "méi siichtbar", datt Europa a Lëtzebuerg "net méi nëmme Frënn" hunn. Nieft Drone-Provokatiounen a Cyberattacken sinn Desinformatiouns- an Hetzcampagnen um Internet nei hybrid Weeër fir unzegräifen. De Piratendeputéierte sot: "dat ka kengem Demokrat gutt doen, egal ob en zu den etabléierte oder net-etabléierte Parteien zielt".

Seng Partei ass allerdéngs vehement géint all Zensur um Internet a Verbueter vun Online-Reseauen. Arrangéieren d'Trolls – d'Online Provokateuren - se dann? "Absolut net", esou de Sven Clement. Hie wier mat der EU-Kommissioun averstan fir all déi "toxesch" Komponenten oder Mechanismen ze reguléieren, ewéi den "scrolling ouni Enn" oder nach d'Uweisë vun der Zuel u "likes".

D'Pirate hunn awer Léiwer eng Mediebildung bei ganz jonkem Alter an de Sven Clement huet och op d'Verantwortung vun den Elteren higewisen. Et wier net um Staat fir "Mamm oder Papp ze spillen". Dem Empfänger eng Plattform verbidden, well een den Absender net kontrolléiert kréich, wier a sengen Ae d'Päerd vun hanne gesuedelt.

KI, Agnostiker a Miles and more

D'kënschtlech Intelligenz, déi sech an der Läscht puer Mol Cyberattacken selbststänneg ënnerholl huet, misst och deels reguléiert ginn, sou de Sven Clement. Stutzeg maachen hien awer d'Fuerderung vu Leit aus der Industrie fir méi ze reguléieren. Hien ënnerstellt den Tech-Bossen mat Reguléierung hir eegen Interessien - hiren Oligopol wëllen ze protegéieren. Elo wou hir finanziell Projektiounen net géingen esou opgoen ewéi se erhofft hätten, wéilte se datt potentiell Konkurrenten – aus Europa notamment – "erausreguléiert" ginn.

Schold un der "rogue AI" - der onberechenbarer KI wieren dem Piratendeputéierten no, déi Entreprisen, déi di Modeller och esou trainéiert hätten. Fir hie misste just déi Verhalen do net méi dierfen "eramodeléieren". Et misst ee op jidder Fall vermeiden, "sech selwer eng Hand hannert dem Réck unzestrécken" an de grousse Firmen hire Virsprong z'erhalen.

De Sven Clement geet net op d'Poopstvisite op Metz iwwregens, well hie wier e "bekennenden Agnostiker" oder "Atheist mat Liewensversécherung", ewéi hien dacks géing ausdrécken. Soss reest de Pirat vill fir d'Chamber, meeschtens am Zesummenhang mat der NATO an der Weltbank, huet hien erkläert. Hie konnt e Méindeg de Moien awer net soen ewéi vill "miles and more" hie schonn hätt, well Deputéiert se net méi sammelen dierfen.

Invité vun der Redaktioun: Sven Clement

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO