Déi nei Corona-Mesurë limitéieren d'Unzuel vun de Clienten an de Grand-Surfacen, veränneren d'Kafverhale vun de Clienten an d'Selektioun u Produiten an de Regaler. Et ass fir déi éischte Kéier, datt och d'Supermarchéen hir Offer u Produite musse limitéieren. Hei gouf ëffentlech a politesch virun allem déi onfair Kompetitioun mat de klenge Commercë wärend dem éischte Lockdown vu Mäerz ëmmer erëm kritiséiert. D'Haaptiwwerschrëfte si fir jiddwereen déi selwecht. Bis den 10. Januar dierfe just nach Saache verkaf ginn, déi als essentiell gëllen. Interpretéiere kann een dës awer iwwerall anescht, esou de Manu Konsbruck, Direkter vun der Belle Etoile.
Wat par Rapport zum éischte Confinement dobäikënnt, sinn d'Bicher, Zeitungen a Schreifartikelen. Dës dierfe weider verkaf ginn.