Duebele MordSue kéinten d'Motiv vun der Dot sinn

RTL Lëtzebuerg
Mat engen 100.000 € Scholde war den Haaptbeschëllegten an enger schwiereger finanzieller Situatioun, sou den Enquêteur vun der Police judiciaire.

„Et gëtt vill Unzeechen, déi fir den Haaptbeschëllegten als Täter an deenen zwee Fäll spriechen!“: Dat sot den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire um Freideg de Moien um Stater Geriicht am Prozess géint zwee Männer wéinst zwee Morden, am November 2016, um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam.

Den Haaptbeschëllegte war um Freideg iwwregens nees do, no sengem Malaise en Donneschdeg am Prisong. An den Ae vum Polizist kéinte Suen d'Tatmotiv gewiescht sinn.

Duebele Mord: De Reportage vum Eric Ewald

Mat engen 100.000 € Scholde war den Haaptbeschëllegten an enger schwiereger finanzieller Situatioun, sou den Enquêteur vun der Police judiciaire. Am Zesummenhank mam zweete Mord hätt den Haaptbeschëllegte gesot „All Cent zielt!“; dobäi hat hien der Prostituéiert just 7 € ofgeholl. De Mann hat no där Dot vun engem Schoss geschwat an ebe vun deene 7 €, dat wär Täterwësse gewiescht, well béid Faite bis dohin net no bausse kommunizéiert gi waren.

Den Haaptbeschëllegte stéing am dréngende Verdacht, béid Morde begaangen ze hunn, woubäi d'Motiv eben am finanzielle Beräich ze siche wär. Wat den zweeten Ugekloten ugeet, kéint deen net soen, hien hätt am Virfeld vum 1. Mord näischt gewosst. Hien hätt kënne Stopp soen, well och hien am Auto souz, an deem eng geluede Waff loung. Hien hätt sech dono net bei der Police gemellt. Dobäi hätt hie sech du vun der Dot distanzéiere kënnen. Och wann den Haaptbeschëllegten déi aktiv Roll hat, kéint den zweeten Ugekloten net soen, hien hätt wëllen een drénke goen, an op eemol hätt en Doudegen am Auto geleeën. Jiddereen hätt probéiert, seng Haut ze retten, an déi zwee hätten normal viru gelieft, wéi wann dat e Film gewiescht wär, huet de Polizist op Froe vum Vertrieder vum Parquet zu hirem Verhale geäntwert. Eréischt e Kolleg vum Haaptbeschëllegten hätt nom zweete Mord gesot, et kéint jo bal nëmmen ëm dee Mann goen. Dobäi hätt der Prostituéiert hiert Liewe vläicht kënne gerett ginn, wann iergendeen nom 1. Mord e Wénk ginn hätt. Op d'Schlussfro vum Vertrieder vum Parquet, ob et nach en Onbekannte gëtt, deen iergendwou ronderëm geeschtert, war d'Äntwert vum Enquêteur kloer "Neen".

Dëse Prozess geet en Dënschde virun an dierft no der Allerhellgevakanz mat supplementare Sëtzungen an d'Verlängerung goen.

Duebelmord viru Geriicht: Telefonsdonnéeën analyséiert: "Ech si wierklech richteg an der Merde"

Back to Top
CIM LOGO