Äntwert op parlamentaresch FroSuccès vu Letzshop wärend der Kris

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel vu Produiten, déi op der Plattform ugebuede ginn, ass ëm 15 Prozent an d'Luucht gaangen, d'Zuel vu Betriber ëm 131 op 426.

Dat geet aus der Äntwert um Méindeg vum DP-Mëttelstandsminister Lex Delles op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun de Piraten Marc Goergen ervir. An de leschten 3 Méint wier d'Zuel vun Notzer iwwerdeems ëm 383% op 195.763 geklommen.

Wéinst der Kris gouf engersäits d'Memberschaft fir 2020 gratis gemaach an anerersäits gouf eng speziell Säit fir vulnerabel Persounen ageriicht, erënnert de Minister. Nieft der Tatsaach, datt d'Betriber wéinst den Hygiènesmesuren eng Zäit laang hir Dieren hu missen zoumaachen, hätt dëst och zum Succès vun der Plattform bäigedroen.

An der Äntwert op d'Question parlementaire gëtt een dann och nach gewuer, datt knapp e Véierel vun de Betriber op Letzshop, am Ganzen 101, an der Stad Lëtzebuerg sinn. Déi 2. Plaz deele sech Bartreng an Esch, mat all Kéier 22 Betriber, virun Ettelbréck mat 16 Butteker.

RTL-Reportage zum Thema vum 6. Abrëll

Äntwert op parlamentaresch Fro vum Marc Goergen

Back to Top
CIM LOGO