
Dat huet eis op Ufro den Affekot Jean-Jacques Schonckert matgedeelt.
Säi Client, de Claude Lammar, huet jo de Fonds du Kirchberg verklot, well deen d'Bestëmmunge vum Aarbechtsschutz net richteg agehalen hätt.
An deemselwechte Fall krut de Claude Lammar jo Recht an eng Indemnisatioun zougesprach, well seng Kriibskrankheet duerch seng Aarbecht komm wier. Mä do géing d'Indemnisatioun zanter engem Joer schleefen, well keen Expert ze fanne gewiescht wier.
Wat elo de Produit Glyphosat u sech ubelaangt, do kéint eng Plainte kee Suivi kréien, well de Glyphosat deemools hei am Land legal am Asaz gewiescht wier.
De Jean-Jacques Schonckert wëll do awer weider, fir d'Rechter vu sengem Client kämpfen.
LINK: Weider Detailer iwwert de Fall bei eise Kollege vun RTL 5minutes.