
En Affekot-Mediateur gouf ageschalt. Vu Memberen aus dem Conseil heescht et "de Foyer gëtt et net méi". Dat stëmmt sou net. E Kongress soll d’nächst Joer organiséiert ginn, fir ze kucke wou ee steet a wéi et weider geet.
De Foyer de la Femme huet eng laang Traditioun. 1930 gouf de Veräi gegrënnt. Viru Joren hat e ganz vill, e puer dausend, Memberen. Humanitär a sozial Projete goufen an deene méi wéi 90 Joer ënnerstëtzt. Vakanzekolonië goufen organiséiert, Moniteuren ausgebilt. Eng Maison Relais geleet. Kulturell Reese goufen ugebueden. An op der Belscher Plage zu Lombarsijde konnt ee Vakanz maachen. Deen Hotel gehéiert dem Foyer de la Femme haut awer net méi.
D’Maison Relais zu Rëmeleng leeft gutt a soll och weider lafen, krute mer präziséiert. D’Vakanzen-Aktivitéiten hunn awer speziell ënner Corona gelidden. Dowéinst hätt een och decidéiert de Büro zouzemaachen an d’Personal hätt missen entlooss ginn. "D’Seegele si gestrach, mä d’Schëff ass nach do, ass nach net ënnergaangen", heescht et aus dem Ëmfeld vun der ASBL.
De Foyer de la Femme huet Konventioune mam Educatiounsministère: eng fir d’Gestioun vun der Maison Relais. An déi aner fir d’Organisatioun an d’Finanzéierung vun de Vakanzekolonien an d’Formatioun vu Moniteuren.
Eng Rei Sektiounen hu sech opgeléist, anerer wëlle weider maachen. Den Affekot soll sech ëm d’Gouvernance vum Veräi bekëmmeren.
RTL-Informatiounen no, ass déi finanziell Situatioun vun der ASBL mat e Problem. Den Hotel zu Lombarsijde war viru Jore vergréissert an ëmgebaut ginn. Et wollt een en neien Hotel kafen, méi no um Mier. Aus engem Projet zu La Panne ass näischt ginn. Aus dem Compromis huet ee sech missen eraus kafen. Den Hotel zu Lombarsijde gehéiert dem Foyer de la Femme wéi gesot net méi.