"Et geet ëm d'Existenz"Stater-Geschäftsleit: Finanziell Hëllef vu Luxtram geet net duer

Pierre Weimerskirch
Pierre Jans
Et ass eng Mesure, déi et zu Lëtzebuerg nach net gouf: wéinst dem Chantier vum Tram kréien d'Geschäftsleit op der Gare vu Luxtram finanziell gehollef.
VIDEO: Kompensatioune vu Luxtram / Pierre Weimerskirch (07.2.2020)
Wéinst dem Chantier vum Tram kréien d'Geschäftsleit op der Gare vu Luxtram finanziell gehollef.

D'Entreprise iwwerhëlt 50 Prozent vun de Perten, déi wärend dem Chantier ugefall sinn. An enger Versammlung en Donneschdeg kruten d'Geschäftsleit d'Prozeduren erkläert. De President vu Luxtram Frank Vansteenkiste erkläert:

Frank Vansteenkiste: ''Mir hunn decidéiert, dass d'Leit Joer pro Joer eng Demande kënne stellen. Dat heescht, wa se zejoert eng Perte gemaach hunn, kënne se elo vun engem Expert comptable hire Bilan eraschécken. Si ginn da ganz pragmatesch no 5/6 Woche kompenséiert an da kréie si déi Moyene schonn.''

Et wär eben e Chantier vun enger exzeptioneller Envergure. Gewësse Krittäre misst et awer ginn, esou Luxtram. Et wären ëffentlech Steiergelder, déi u Geschäftsleit ginn. Déi freeë sech iwwert de Geste, mä d'Mesure géif bei Wäitem net duergoen, tëscht 40 an 80 Prozent vum Ëmsaz wäre fort, seet zum Beispill de Restaurateur Gabriel Boisante, dee fir d'LSAP am Stater Gemengerot ass.

Gabriel Boisante: ''Et ass eng Mesure, et ass e Geste, dat ass ganz kloer. Ass dat genuch? Fir mech a fir déi meescht Leit op kee Fall. Ech hu Chance, nach aner Geschäfter ze hunn. Ech hoffen, dass ech mäi Geschäft hei net wäert verléieren, déi nächst zwee Joer. Mee et sinn aner Leit, déi wierklech elo ganz no um Enn sinn. An déi Enn dëst Joer sécher wäerten eng Faillite maachen.''

D'Geschäftsleit ëm de Gabriel Boisante fuerderen, dass op zwou Schichten um Tramsreseau geschafft gëtt, fir dass de Chantier méi séier fäerdeg gëtt. Si begréisse par konter, dass warscheinlech och während dem Kollektivcongé weider Aktivitéit um Chantier wäert sinn.

Back to Top
CIM LOGO