Net just op d'EconomieStatec gesäit däitlech Auswierkunge vun der Kris op d'Staatsfinanzen

Annick Goerens
Lynn Cruchten
Et wier wierklech eng Situatioun, déi ee vun Dag zu Dag misst frësch aschätzen, esou den Tom Haas, Direkter vum Statec.
Statec gesäit däitlech Auswierkunge vun der Kris op d'Staatsfinanzen
Et wier wierklech eng Situatioun, déi ee vun Dag zu Dag misst frësch aschätzen, esou den Tom Haas, Direkter vum Statec.

De Reportage vum Annick Goerens

Mir sinn an enger Zäit, wou alles ganz onsécher ass a wou et schwéier ass, eng Previsioun ze maachen. Dat sot den Direkter vum Statec en Dënschdeg de Moie fir d'Presentatioun vun der neister Note de conjoncture, déi pénktlech fir d'Tripartite en Dënschdeg de Mëtteg, elo komplett ofgeschloss ass. Un der wirtschaftlecher Situatioun hätt sech an de leschte Wochen eigentlech net vill geännert. Fir de Moment wieren d'Marchéen eigentlech, iwwerraschenderweis nach relativ optimistesch, erkläert den Tom Haas. An dat obwuel den Zenario, dass d'Strooss vun Hormus nees Enn Mee sollt opgoen, net agetrueden ass.

"Op där anerer Säit sinn d'Präisser awer nach ëmmer niddreg. Dat heescht, d'Marchéë si weiderhin optimistesch, datt séier eng Léisung fonnt gëtt. Soulaang wéi dat de Fall ass, sinn déi direkt Impakter vun dëser Energiekris nach relativ limitéiert. Dat ka sech natierlech elo all Moment änneren. Mee mir sinn elo nach net an deem méi schlëmmen Zenario, wou d'Präisser wierklech ganz staark géifen explodéieren a wou dann och eng Rezessioun géif am Raum stoen. Dat heescht, mir sinn iergendwou dertëschent."

D'Kris dréckt nawell op d'Staatsfinanzen

Et wier wierklech eng Situatioun, déi ee vun Dag zu Dag misst frësch aschätzen. Wat allerdéngs elo aus den neiste Berechnungen ervirgeet, ass dës des Kris däitlech Auswierkungen huet an dat net just op d'Ekonomie, mee och op d'Staatsfinanzen.

"Jorelaang hate mer héich Staatsrecetten, wat nach an engem gewëssene Sënn d'Nowéie waren, déi positiv Nowierkunge vun deene Jore virdrun, wou mer nach eng Reprise haten, wou mer exzeptionell héich Recetten och haten, notamment bei den Entreprisen. Elo si mer allerdéngs an enger Zäit, wou mer dann éischter déi lescht Jore spieren, wou d'Wirtschaft schonn ofgebremst hat an doduerch hunn mer natierlech manner Recetten, souwuel bei den Entreprisen awer och op anere Steierpunkten mierkt een dat, notamment duerch Steiererliichterungen."

Beim Index sinn all Zenarien nach méiglech

Wat den Index ugeet, ass no der Tranche, déi um 1. Juni gefall ass, nach alles op.

"Wann d'Präisser elo niddreg géife bleiwen, da kéint et effektiv sinn, datt et nach ee Joer dauert, bis datt déi nächst Indextranche kënnt. Mee wat mer awer och schonn an der Virbereedungsreunioun vun der Tripartite erkläert hunn, dat ass, datt de Risiko awer iwwert déi zweet Hallschent vum Joer grouss ass, datt do iergendwann eng Tranche declenchéiert gëtt, wann d'Präisser eng Kéier an d'Luucht ginn. Dat heescht, do kann een elo wierklech mat all Zenarie rechnen tëschent, datt mer erëm eng Indextranche hunn an dësem Summer oder ebe virum Enn vum Joer, also am Wanter oder awer och an engem Joer."

Aarbechtsmarché: "Et ass eppes, wat engem Suerge mécht"

Beim Aarbechtsmarché hätt eigentlech Enn vum leschte Joer positiv Signaler gesinn punkto Chômage.

"Elo hänkt et dann natierlech dovun of, wéi staark gëtt de wirtschaftleche Schock? Dat heescht, wéi staark wäert dann awer den Aarbechtsmarché ofbremsen? A wéi staark wäert de Chômage schlussendlech an d'Luucht goen? Et ass änlech wéi bei de Präisser. Et ass haut nach net dramatesch, wat mer gesinn. Mee dat, wat mer awer vun indirekten Effekter an deenen nächste Woche kënnen erliewen, dat ass awer eppes, wat engem Suerge mécht."

Am Verglach mat der Energiekris vun 2022 ass d'Situatioun manner schlëmm: de Gaspräis ass bis elo kaum betraff, an och de Pëtrolspräis ass no engem Héichpunkt nees zeréckgaangen, erkläert den Direkter vum Statec. Fir d'Tripartite en Dënschdeg de Mëtteg huet de Statec iwwregens zousätzlech nei Analysen zu de Staatsfinanzen, den Emissiounen an dem Kafkraaftverloscht vun de Stéit ausgeschafft. Wat d'Emissiounen ugeet, wieren de Grand-Duché u sech 2026 an 2027, wann d'Politik sech net ännert, genau op der Trajectoire vun der Reduktioun vun den Emissiounen.

Back to Top
CIM LOGO