
Op am Ganze 630 Quadratmeter, déi op 2 Stäck verdeelt sinn, kënne Grouss a Kleng an Zukunft Sportsgezai an aner Artikele kafen an och vun Offere wéi Vëlosreparature profitéieren. En aneren Zerwiss, dee virgesinn ass, ass de "Click & Collect". Clientë kënne Produite gemittlech vun doheem aus bestellen an duerno an d'Stad siche goen.