EZB setzt Leetzëns eropSouguer 0,25% kënne ferm an de Portmonni schloen

Jeannot Ries
D'Entscheedung, de Leetzëns an der Eurozon vun 2 op 2,25 % erop ze setzen, ass eestëmmeg gefall, sou d'EZB-Cheffin Christine Lagarde.
Souguer 0,25% kënne ferm an de Portmonni schloen
D'Entscheedung, de Leetzëns an der Eurozon vun 2 op 2,25 % erop ze setzen, ass eestëmmeg gefall, sou d'EZB-Cheffin Christine Lagarde.

Domat soll d'Inflatioun, also d'Präisdeierecht, an engem fir de Rescht fragillen Ëmfeld gebremst ginn.

"Mä si si sech natierlech och bewosst, datt all weider Zënserhéijunge schwéier fir d'Wirtschaft, déi et jo schonn an Europa schwéier huet, z’absorbéiere sinn. A mir hu jo massiv Scholdeproblemer. Also, aus där Perspektiv kënne mir am September eng weider Zënserhéijung erwaarden an dann ass dëse ganze Prozess vun den Zënserhéijunge fäerdeg", sou de Finanz-Analyst Robert Halver:

Wat bedeit dat elo konkreet fir d'Leit?

Wie Gespuertes huet, dee freet sech natierlech. Leit, déi Scholden hunn, respektiv där plangen, wäerte méi héich Zënse bezuelen. Well de Leetzëns bestëmmt zu wat fir engem Präis d'Banke Geld bei der Europäescher Zentralbank léinen. Also, den Ament gëtt Geld nees méi deier.

E Beispill:

En Appartement, 100 Meter Carré, zwee Schlofzëmmer, zu Jonglënster, kascht ronn eng Millioun. Mat engem Prêt op 30 Joer, géif eleng des Zënshausse vun 0,25% mat sech bréngen, datt e Prêt 145 Euro de Mount méi deier gëtt. Op 30 Joer, mécht dat mat engem Taux variable, iwwer 52.000 Euro aus. Kéim effektiv eng weider Zënshausse am September, da si mer schonn op iwwer 100.000 Euro, gerechent op 30 Joer.

"Héchstwarscheinlech wäert d'Demande elo erëm um Logementsmarché liicht erofgoen an d'Leit kucke mol wéi sech déi Saach entwéckelt. Déi Clienten, déi haut wëllen op en Taux fixe goen, déi si mer um selwechten Niveau wéi am Dezember, dat heescht do ass den Taux nach änlech héich. Am Variabele wäerte mer haut eng Hausse gesinn. Ech mengen, mir proposéieren ëmmer, dass een en Fonctioun vu senger Capacité de remboursement kuckt, wat kann ech vu Kredit maachen. A wann et do mat engem Taux fixe méiglech ass, da soll een en Taux fixe huelen, sief dat op déi Gesamt-Zomm vum Kredit oder op engem Deel dovunner, well et kënne jo och mol Situatiounen am Liewe kommen, wou ee vläicht eng gréisser Zomm kritt, mat där ee kann da säi Kredit zréckbezuelen", sou den Direkter vun der ABBL, Jerry Grbic.

Am Fall wou elo Clienten, bedéngt duerch d'Inflatioun, duerch Zënshaussë finanziell an d'Struewele kéimen, roden d'Banquieren net ze laang ze zécken, ier ee seng Bank kontaktéiert. Vu Fall zu Fall kann de Banquier da mat Zäit ënnert d'Äerm gräifen, andeem zum Beispill de Prêt gestreckt gëtt oder eventuell ausgesat ka ginn.

D'Evolutioun vun den Zënse bleift direkt gebonnen un d'geopolitesch Situatioun am Noen Osten. Den Drock op d'EZB wäert bleiwen. Och wann d'Strooss vun Hormus ganz opgeet, heescht dat net, datt alles direkt méi bëlleg gëtt. D'Liwwerkette wäerten nach fir eng Zäit gestéiert bleiwen.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO