
Tëschent 2013 an 2019 huet d’Société Nationale des Habitations à Bon Marché 943 Wunnengen op de Marché bruecht, bei 771 gouf via d'Emphytéose verfuer. 116 Wunnenge goufe verlount a 56 där Logementer sinn nom Gebrauch vun engem Réckkafrecht weiderverkaaft ginn. 2013 koumen 79 Unitéiten op de Maart, 2019 waren et der 232. Um 31. Dezember 2019 hat d’SNHBM an hirem Patrimoine 262 Wunnengen, déi an der Locatioun sinn
De Fonds du Logement dann huet am genannten Zäitraum 651 Wunnengen op de Maart bruecht. Um Enn vum leschte Joer hat de Fong knapp 2.000 Unitéiten an der Locatioun, donieft goufe bis haut 1.670 Unitéiten verkaf an eng 500 Wunnenge si fir de Staat oder aner Institutioune gebaut ginn.