Um Freideg den OwendNéng Blesséierter bei fënnef Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsdéngschter melle fënnef Accidenter mat am ganze siwe Blesséierten e Freideg den Owend.
© Laurent Weber

Um 19 Auer waren zwee Autoen an een Moto an een Accident um Vesquenhaff un der franséischer Grenz bei Déifferdeng verwéckelt. Eng Persoun gouf blesséiert. Um 21.30 Auer sinn tëscht dem Houwald an dem Ban de Gasperich zwee Autoen aneneegerannt. Do goufen et zwee Blesséierter. Kuerz drop ass tëscht Schieren an Steeën een Auto bäigaangen. Eng Persoun gouf verwonnt.

Um 22.30 Auer sinn tëscht Péiteng a Rodange zwee Gefierer net laanschteneen komm, eng Persoun gouf blesséiert. De Samu war op der Plaz. A géint 23.30 Auer sinn nach zwee Autoen tëscht dem Scheedhaff an dem Rond-point Sandweiler an een Accident verwéckelt ginn. Hei goufe véier Leit verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO