Serie 30 Joer Wëlldéierestatioun (5)Si kënnen nees frësch Loft schnupperen

RTL Lëtzebuerg
Am leschten Deel vun der Serie geet et ëm dee Moment, op deen déi ganz Aarbecht vun de Mataarbechter vun der Statioun hischafft.
8 Tuermfalken a 6 Fiiss goufen nees an d'Natur entlooss
D’Nadine Gautier hat d’Méiglechkeet, fir mat dobäi ze sinn, wéi 8 Tuermfalken a 6 Fiiss nees zeréck an d’Natur gelooss goufen.

An zwar d’Entloosse vun den Déieren. Am Joer sinn et ronn 1.500 Déieren, déi nees fräigelooss ginn. D’Nadine Gautier hat d’Méiglechkeet, fir mat dobäi ze sinn, wéi 8 Tuermfalken a 6 Fiiss nees zeréck an d’Natur gelooss goufen.

Serie Wëlldéierestatioun - Deel 5: Auswëlderen

Ganz opgereegt sprangen d’Fiiss an hirem Käfeg hin an hier. Vu bausse gesäit een net eran, well hëlze Panneauen d’Siicht verspären, ma de Kaméidi, deen d’Fiiss dee Moment maachen, wou de Raf Stassen, Direkter vun der Wëlldéierestatioun, a seng Mataarbechter d’Déieren op d’Plënneraktioun an de Bësch preparéieren, ass scho speziell.

D’Déiere sinn opgereegt. An dann ëmmer d’Fro: Hu mir déi 6 jonk Fiiss? Wéi de Raf Stassen spéider erkläert, kéim et schonn alt vir, datt een d’Déieren e puer Mol duerchzielt a kee weideren am Käfeg gesäit. An awer huet ee se nach net all zesummen. Dann hu sech der ënnert der hëlze Këscht verstoppt, mat där se an d’Natur sollen ausgesat ginn. Déi gëtt e puer Deeg virun der Plënneraktioun an de Käfeg gestallt, fir datt se de Geroch vun de Fiiss unhëlt.

An dann ass et esou wäit. De Raf Stassen erkläert, datt déi 6 Déieren zesummen an eng Volière an de Bësch bruecht ginn. Do bleiwe se 2 Wochen, ier d'Dieren opgemaach ginn. D'Fiiss ginn an där Zäit weider gefiddert, da gëtt reduzéiert. Deen Ament musse si ufänken selwer op Fuddersich ze goen, fannen an der Volière awer nach ëmmer eng kleng Reserv, wa si se brauchen.

© Nadine Gautier / RTL Radio Lëtzebuerg

Dat nennt een dann ee “soft Release". Aneschters gesäit et do bei Déieren aus, déi net wierklech laang zu Diddeleng bleiwen an déi een Territoire haten. Déi ginn ouni Ëmweeër erëm lafe gelooss. D'nämmlecht am Fall vu liicht blesséierte Villercher. Dee Moment schwätzt ee vun engem "haarde Release". Dat ass och de Fall vun den 8 Tuermfalken, déi 8 Wochen haten an déi nees fléie gelooss goufen.

De Raf Stassen huet awer betount, dass d'Falken fir d'Juegd trainéiert goufe mat liewege Mais. D'Déiere musse capabel sinn ze joen, ier se an d'Natur erausgelooss ginn.

Iwwert d’Joer verdeelt sinn et ronn 45 jonk Tuermfalken, déi an der Statioun ofgi ginn.

Bei aneren Déiere mussen, ier se nees an d’Natur gelooss ginn, Tester gemaach ginn. Dat ass zum Beispill bei de Wëllkazen de Fall. Da gëtt getest, ob et sech ëm richteg Wëllkazen oder Hybrid-Kazen handelt. Sollt dat lescht de Fall sinn, ginn d’Déieren nämlech kastréiert.

Verschidden Déiere packen et emol net bis den Dag vum Release. Vill Déieren iwwerliewen d’Strapazen net bis se et endlech an d’Wëlldéierestatioun packen. Wéi mir gedréint hunn, ass zum Beispill een Äisvull ageliwwert ginn. D’Koppel, déi d’Déier bruecht huet, hat sech zwee Deeg laang doheem ëm de Villche gekëmmert. Wéi en zu Diddeleng ukoum, war d’Déier esou schwaach, datt et puer Minutten méi spéit gestuerwen ass.

Dofir dann och den Appell un d’Leit, d’Déieren, déi se fannen, net doheem ze halen an ze fleegen. Gutt gemengt, ass net ëmmer gutt gemaach.

Fir dat 30 Joer aalt Bestoen ze feieren, ass den nächste Mount, méi konkret de 14. an de 15. September eng Porte ouverte an der Fleegestatioun fir Wëlldéieren zu Diddeleng. Do kënne sech d’Leit dann och iwwert d’Aarbecht vun der Statioun informéieren.

Den Iwwerbléck vun der Serie

Deel 1: Wéi koum et zu der Fleegestatioun fir Wëlldéieren zu Diddeleng? Deel 2: Benevoller ginn ëmmer gebraucht Deel 3: 4 Drop-Off-Plaze fir Wëlldéiere ginn et hei am Land Deel 4: Wäschbiere si keng Kuscheldéieren

Back to Top
CIM LOGO