D'Sensibiliséierungsaktioun vun der Firma Carlex riicht sech un hir Mataarbechter. De Schwéierpunkt vun der Campagne läit dëst Joer op de Gefore vum Gabelstapler.
Hannerrécks fuere muss och um Gabelstapler geüübt sinn. Virun allem an enger vollgepaakter Produktiounshal wou am Dag iwwer 100 Aarbechter aktiv sinn, a wou an der Haaptsaach Glas mat deem Gefier transportéiert gëtt. Dofir gëtt et hei an der Firma eng kloer Reegel, seet ee vun de Formateuren, de Pierrick Jomat: Foussgänger hunn ëmmer Prioritéit. Firwat? E Foussgänger huet net esou vill Volume, wéi e Gabelstapler, an en ass virun allem manner gutt geschützt. Hei an der Firma widderhuele mir awer bei ville Geleeënheeten, datt d'Personal och géigesäiteg op sech oppasse soll.

Dofir ass och jidderee vun deenen am ganze 550 Mataarbechter zu Lëtzebuerg invitéiert, un der Formatioun deelzehuelen. Matzen an der Hal gëtt et een Trainingsberäich an deem dëser Deeg zwee Simulatoren installéiert sinn. Virtual Reality, fir d'Risike vum Gabelstapler besser ze erkennen.
Ma d'Mataarbechter hei sinn nach enger anerer Gefor ausgesat. Dem Produit selwer. De Responsabele fir d'Sécherheet Stephano Visser erkläert: D'Glas ass ganz geféierlech. Mir schaffe mat ganz dënnem Glas, dat ganz fragil ass, a liicht brieche kann. Dat stellt natierlech e grousse Risiko fir eis Mataarbechter duer.

Speziell Händschen a Kleedung, déi och géint d'Hëtzt resistent ass, si Standard an der Produktiounshal um Potaaschbierg. Geféierlech Maschinne sinn ofgespaart an d'Personal gebrieft. Nawell kënnt et zu Accidenter: Dëst Joer hate mir bis elo véier Accidenter. Dat waren an der Haaptsaach Accidenter bei deenen e Mataarbechter sech geschnidden hat. Entweder um Glas oder mat den Apparater, déi mir benotzen, fir d'Glas ze schneiden. Och déi si schaarf, sou de Stephano Visser.
Mä et schéngt eppes ze bréngen, d'Mataarbechter ze sensibiliséieren, an d'Sécherheetsmesuren ze verschäerfen. Zejoert gouf et nämlech nach 10 Accidenter bei Carlex zu Gréiwemaacher.
