Chameleon vun de gynekologesche Krankheeten Endometrios: Sensibiliséieren an informéieren

Julie Thilges
Am Juni ass eng Woch iwwert d’Gesondheet vun der Fra geplangt, wou een Dag sech op Endometrios soll fokusséieren.
© Julie Thilges

Eng Krankheet, bei där et am Schnëtt 7-10 Joer dauert, bis d’Patientin hir Diagnos kritt.

Si huet ganz ënnerschiddlech Krankheetsbiller: Zellen-Gewebe dat ausserhalb vun der Gebärmutter wiisst, an aner Organer befält, wéi zum Beispill d’Blos oder den Daarm, a rare Fäll och d’Longen. Symptomer kënne variéieren, dacks ass et immens Péng, déi mat der Menstruatioun zesummenhänkt, awer och ausserhalb vun der Reegel kann optrieden, erkläert d’Generalistin Claire Krause. Si huet hir Dokteraarbecht iwwert d’Endometrios an der Médecine générale geschriwwen, well och bei dëser Krankheet sollt den Hausdokter den Uspriechpartner bleiwen.

Traitementer variéiere vu Persoun zu Persoun, wat bei enger Patientin hëlleft, ass net onbedéngt e Mëttel fir eng aner, erkläert d’Dr. Claire Krause: “Meeschtens gëtt als éischt eng hormonell Therapie proposéiert, déi awer och net bei all Patientin hëlleft. Normal Schmäerztherapie kann een och proposéieren, wéi zum Beispill Anti-Inflammatoiren. Bei verschiddene Fäll muss een operéieren, jee nodeem wéi eng Organer betraff sinn a wéi d’Endometrios weidergaangen ass. An och do ass et wichteg, dass d’Patiente ganz anescht reagéieren: Déi eng ginn eng Kéier operéiert an et kënnt laang näischt méi, déi eng ginn eng Kéier operéiert an et kënnt direkt erëm.”

© RTL

Mat 14 Joer an d’Spidol wéinst Bluddungen

D’Isabelle Schmoetten, Directrice vum CID Fraen an Gender, krut 2018 mat 26 Joer d’Diagnos Endometrios. Ma scho mat 14 huet si mussen an d’Spidol, well hir Reegelbluddung zwou Wochen ugehalen hunn. Obschonns si och vill Péng hat, hat si geduecht, dat wier normal, bis op eemol Joren dono e 7 Zentimeter grousse Kyst op hirem lénken Eeërstack constatéiert gouf. Ma och do war d’Diagnos Endometrios net direkt evident: “D’Doktesch sot awer, jo, et kéint sinn, dass et Endometrios ass. An dat war fir d’éischt, dass ech vun där Krankheet héieren hunn. Do hunn ech mech informéiert a sinn och gutt erféiert. An dann ass dee Kyst effektiv och net fortgaangen, Do sinn ech operéiert ginn, do huet da missen dee ganzen Eeërstack mat ewech geholl ginn an ech hat nach aner Plazen am Bauch, wou ech operéiert gi sinn.”

Iwwert negativ Effekter vun der Operatioun war si deemools net informéiert ginn, hat dono Vapeuren an Depressiounen, well de ganzen Hormonhaushalt op der Kopp stoung. An och soss hätte si am Spidol net wierklech gewosst, wouhi mat hir an Infirmièren hätte si gefrot, ob d’Péng wierklech esou schlëmm wier.

Virurteeler géint d’Krankheet wieren der vill do, och wieren d’Leit dacks einfach net informéiert. D’Isabelle Schmoetten hätt esou Virurteeler selwer ni erlieft, ma kennt awer Fraen, bei deenen op der Aarbecht a Fro gestallt gouf, ob si wierklech esou wéi hunn, wéi si soen.

Gesondheetsministère wëll sensibiliséieren a fërderen

Well nach vill muss sensibiliséiert ginn, ass vum Gesondheetsministère eng Semaine de la santé de la femme an der éischter Woch am Juni geplangt, an där och een Dag der Endometriose gewidmet soll sinn. Alles am Sënn vun der Sensibiliséierung an der Informatioun, erkläert d’Gesondheetsministesch Martine Deprez: “Am Virfeld ginn et Temoignagë vu Leit, déi betraff sinn, et gi Podcaste warscheinlech en Place gesat. Do wäerte mir largement informéieren. An dann hu mir de Conseil Scientifique beoptraagt, Recommandatiounen auszeschaffen, fir Prise en Charge, fir datt och jidderee weess, wéini e wou wat muss maachen, fir erauszefannen, ob e vun der Krankheet betraff ass.”

Doriwwer eraus soll d’Diagnos an d’Behandlung vun Endometrios zu Lëtzebuerg gestäerkt a verbessert ginn, well nach musse vill Frae fir hir Behandlung an d’Ausland. “Mir gi mol dovun aus, dass si [d’Gynekologen] et alleguer an hirer Formatioun gesinn hunn. Mee mir wëssen awer och, eis Réckmeldunge vum Terrain, dass dat net ëmmer de Fall ass. Dofir denke mer, ass et néideg, e Reseau opzebauen, deen net nëmmen aus Doktere besteet, mee och aus Psychologen, och aus Therapeute besteet, Leit, déi Schmäerz kënnen ophuelen, besteet. Mir hu schonn esou e Reseau fir d’Douleur, dat hei wier e Reseau dee wierklech complementaire géif funktionéieren, fir ze kucken, wéi kréien déi Leit hir Péng an de Grëff a wat musse si vu Behandlunge kréien,” esou d’Gesondheetsministesch.

Back to Top
CIM LOGO