An der Zithaklinik gouf et ee Sensibiliséierungsdag am Kader vum Bloe Mäerz. Zemools bei dëser Zort vu Kriibs ass d’Preventioun an d’Fréierkennung wichteg. Den Daarmkriibs zielt zu den heefegste Kriibsaarten zu Lëtzebuerg a gëllt och als eng vun den déidlechsten.
Am ganze goufen et sechs Stänn an der Entrée vun der Klinik. Een dovunner war eng iwwerdimensionéiert Reconstructioun vum Daarm. Do konnten d’Leit doduerch trëppelen an déi verschidde Stadie vu Polyppe gesinn. Et wieren dës Polyppen, déi zu Kriibs eruwuessen. Den Dokter Daniel Léonard huet déi Polyppe méi genee erkläert: “Déi mierken d’Leit net. Do hu se absolutt keng Symptomer. Leider kënnen déi da lues a lues méi grouss ginn. An da gi se ëmmer méi grouss, bis dass se da lues a lues degeneréieren. Dat heescht, se ginn zu Kriibs.”
Daarmkriibs zielt zu den heefegste kriibsbedéngten Doudesursaachen. Männer wéi Frae kënne betraff sinn. Mat Zäit erkannt, gëtt d’Krankheet an néng vun zéng Fäll geheelt. Fir den Depistage proposéiert d’Santé de FIT-Test fir Fraen a Männer vu 45 bis 74 Joer.
D’lescht Joer goufen iwwert 91.000 Leit invitéiert, fir um Programm deelzehuelen. Awer just een Drëttel huet den Test gemaach. D’Uwendung ass einfach, d’Santé huet och een Sensibilisatiounsvideo gedeelt, dee wéist, wéi een esou een Test ze benotzen huet.
Ass d’Resultat vum FIT-Test positiv, mussen zousätzlech Analyse gemaach ginn. Beispillsweis eng Koloskopie, virun där verschiddener grousse Respekt hunn. D’Véronique Wagner aus dem HRS kann de Leit d’Angscht awer huelen. “Eng Koloskopie ass näischt Schlëmmes. Et ginn x Méiglechkeeten, fir d’Angscht ze huelen, wann ee fäert. Mir kënne Sedatioune maachen, mir kënnen d’Leit eppes sprëtzen als Medikament zur Berouegung, wa se et wëllen. Mir kënne wierklech alles ubidden, fir dass déi Ënnersichung confortabel ass an domat fir sech garantéiert ass.”
Fréierkennungen ass entscheedend, well wann ee bis Daarmkriibs hat, muss een och duerno säi Liewe laang reegelméisseg kontrolléiert ginn.