Dr. Alain SchmitSéiere Remboursement duerch d'CNS kéint bis 2023 realiséiert ginn

Diana Hoffmann
Dat sot den Dokter Alain Schmit, de President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren.
Bis 2023: Séiere Remboursement duerch d'CNS méiglech
Dat sot den Dokter Alain Schmit, de President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren.

Et ass en ambitiéist Zil, datt bis de Summer 30 Prozent vun den Doktesch-Praxissen deen néidege Logiciel sollen hunn, fir de séiere Remboursement duerch d'CNS méiglech ze maachen. Dat seet de President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun den Dr. Alain Schmit. D'Patientevertriedung ass iwwerdeems nach net vun deem neie System iwwerzeegt.

Paiement immédiat direct / Reportage Diana Hoffmann

Duerch d'Konventioun tëscht der AMMD an der CNS kënnen an Zukunft d'Dokteren an d’Gesondheetskeess op elektroneschem Wee Dokumenter austauschen. Elo muss dat Ganzt awer och nach op technescher Säit méiglech gemaach ginn, sou den Alain Schmit.

„Déi wichteg Etapp ass, den Dokteren dat ze installéieren an ze erklären. An da kann et eréischt richteg lassgoen. Dofir, 30 Prozent bis Summer, dat kléngt mer e bësse sportlech.“

Déi néideg Software kréien d'Dokteren iwwer den Editeure vun hirem Logiciel op de Computer. Rezent wäert d'AMMD och Informatiounsséancen ubidden, fir den Dokteren d'Programmer ze erklären. An engem nächste Schrëtt hin zum direkte Paiement wäert et da vum Summer un eng Smartphone-App fir de Patient ginn. Duerch dës sinn da Patient, Dokter a CNS souzesoe verbonnen.

"De Patient seet, ech sinn d’Accord mat der Rechnung. An deem Moment gëtt de Paiement fräigeschalt. Dat heescht de Patient bezilt säin Deel, an domat autoriséiert en och d’Fräischalten, an da bezilt dann d’CNS iwwert den automatiséierte Wee dann de Rescht."

Fir d'Patientevertriedung bleiwe bei deem System awer nach eng Partie Froen, wéi de Georges Clees seet.

"Éischtens ass et emol net generaliséiert. Dat heescht, et ass elo am Prinzip nach op fräiwëlleger Basis. Et gëtt gesot, da muss ee sech eng App eroflueden. Wéi ass et bei den Dokteren, do ass jo och nach net onbedéngt jiddereen am digitalen. Mir hätte wierklech léiwer gehat, datt et generaliséiert a verflichtend wier fir béid Säiten."

Vun 2023 u muss de Patient net méi de Montant virstrecken, deen d'CNS iwwerhëlt. Vun dann u soll de sougenannte Paiement immédiat direct funktionéieren. Datt net all Dokter wäert matmaachen, deem ass sech och de President vun der CNS, de Christian Oberlé bewosst.

"Ech gleewen net, datt mer jeemools op 100 Prozent kommen. Mee wa mer scho bis de PID agefouert ass op 95 Prozent kommen, dat wär scho super. Mir loossen eis da fir déi 5 Prozent, déi dann net digitaliséiert sinn, do loosse mer eis dann eng Pabeierléisung afalen."

Datt déi Dokteren, déi wëlle matmaachen, bis 2023 d'Méiglechkeet dozou hunn, hält awer och den Alain Schmit fir e realistescht Zil.

Back to Top
CIM LOGO