"Et fänkt rëm un, schwiereg ze ginn", sou de Guy Kirsch, Patron vun enger Metzlerei an Traiteur. Nodeems d'lescht Joer guer keng gréisser Evenementer ofgehale goufen, hat ee vill Hoffnung an d'Chrëschtsaison gesat. Den Dezember ass nämlech Hee-Mount fir d'Traiteuren, betount de Guy Kirsch. Schonn an de leschte Wochen huet een d'Onsécherheet vun de Leit gespuert. Eng Partie Betribs- a Chrëschtfeiere goufen annuléiert an domat och den Optrag beim Traiteur.
E Méindeg den Owend goufen déi nei Coronamesuren annoncéiert. En Dënschdeg de Moien du koumen direkt 4 weider Ofsoe fir de Guy Kirsch. An dat ass net nëmmen bei hinnen de Fall. De President vun der Fedil Catering schwätzt allgemeng vu villen Opträg, déi annuléiert ginn, wëll och d'Evenementer sëlwer duerch déi aktuell Situatioun ofgesot ginn.
D'Fedil gesäit d'Annoncë vun de Mesuren e Méindeg awer positiv. "Et gouf kee Lockdown annoncéiert a mir musse net rëm zoumaachen", sou de Julien Demoulin, President vun der Fedil Catering. Beim Traiteur gesäit d'Situatioun awer anescht aus. Zënter der Pandemie huet de Guy Kirsch seng Ekipp ëm 15 Prozent misse reduzéieren. Wann et elo net esou lues géing besser goen, misst hien nach Leit entloossen.
An Concertssall "den Atelier" wëll ee CovidCheck an Identitéit virun Evenementer streng kontrolléieren, och wann de logisteschen Opwand net kleng wär, ewéi den Direkter Michel Welter erkläert.
Vill gréisser Concerten a keng Infektioun, déi signaliséiert gouf. An där Hisiicht kann den Organisateur sech net bekloen. De Problem sinn éischter international Gruppen, déi hir Tournée wéinst de strenge Mesuren an anere Länner nees ofsoen. D‘Show an der Hollerecher Strooss da mat.