
Am Heischtergronn sinn e Sonndeg de Moien um 10.50 Auer en Auto an e Motorrad anenee gerannt. Eng Persoun ass blesséiert ginn. Och de Samu war nieft den Ekippe vu Wolz an Esch-Sauer geruff ginn.
Da gouf et zwee Blesséierter tëscht Mamer a Kielen e Samschdeg den Owend géint 19.30 Auer. Hei war en Auto accidentéiert. De CGDIS hat d’Ekippe vu Kielen a Mamer erausgeschéckt.
Eng Poubelle huet dann zu Rodange gebrannt a Knascht stoung zu Nidderkuer a Feier. Hei waren all Kéiers déi lokal Asazzenteren op der Plaz.