
Déi gëtt et den Ament awer nach net, wéi een aus der Äntwert vum Premier Xavier Bettel erausliest. De Staatsminister erkläert just, et géifen den Ament Iwwerleeunge gefouert, ënnert wéi enge Konditiounen ee Schnelltester a Selbsttester eventuell méi generell kéint asetzen, fir eng Rei Aktivitéite wéi Shoppen, Iesse goen a kulturell Evenementer.
Esou ee Modell kéint awer nëmmen an enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen ëmgesat ginn. Allgemeng recommandéiert d'Regierung, ëmmer dann e Selbst- oder Schnelltest ze maachen, wann een e potenzielle Risikokontakt net kann oder wëll evitéieren. Zum Beispill och fir bei vulnerabel Persounen op Besuch ze goen. An deem Sënn gëtt och d'Commercialiséierung vun de Schnelltester begréisst, déi een antëscht net nëmmen an den Apdikten, mä och de Supermarchéen ze kafe kritt. D'Tester musse just en CE-Label hunn.
Am Kulturberäich wieren d'Schnelltester gutt acceptéiert ginn an hätte kënnen zäitno duerchgefouert ginn. Bei engem negativen Testresultat wieren och keng Infektiounen dokumentéiert ginn, souguer dann, wann PCR-Tester déi zur selwechter Zäit gemaach goufen, nach schwaach positiv waren.
En negativen Schnelltest kombinéiert mat de gestes barrières an den néidegen Hygiènesmoossname wier also eng gutt Mesure, fir Kulturevenementer sécher z'organiséieren. Och am Sport wiere mat de Schnelltester gréisser Iwwerdroungsketten evitéiert ginn. A wéi engen anere Konditioune Schnell- oder Selbsttester méi generell sollen agesat ginn, ass wéi gesot nach net politesch gekläert.
D'Regierung huet bis elo 7,9 Milliounen Schnelltester bestallt.