D'Schnelltester sollen an de Schoule fir méi Sécherheet suergen. Éisträich ass do ee vun de Virreider. Zanter der Reouverture vun de Schoule ginn d'Schüler reegelméisseg op der Plaz getest. Zil ass et, de Coronavirus esou gutt et geet aus de Schoulen ze halen.
Esou séier an einfach Tester sollen an de nächste Wochen och an de Lëtzebuerger Schoulen an den Asaz kommen. Eng Annonce, déi den Educatiounsminister den 12. Februar op enger Pressekonferenz gemaach huet.
Op Nofro heescht et aus dem Educatiounsministère, datt een d'Tester, déi sollen an den Asaz kommen, vun der Santé proposéiert ginn. Den Dr. Thomas Dentzer ass Coordinateur vun der Krisegestioun an der Direktioun vun der Santé a Responsabel fir d'Tester. Spauttester wieren ee Moyen, fir séier an einfach vill Kanner ze testen. Am Staatslabo ginn d'Tester evaluéiert.
Wann ee fiabel Tester hätt an och genuch Quantitéit kéint bestellen, géif een esou eng Teststrategie an de Schoulen ëmsetzen, esou de Virolog Dr. Thomas Dentzer. Wéini dat genee wier, kéint een den Ament nach net genee soen.
RTL-News: Schnelltester kéinte ganz nei Méiglechkeete bidden