"Starlink Train"Satellitten um Himmel iwwer Lëtzebuerg ze gesinn

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend hu sech eng Partie Leit iwwer ongewéinlech Beweegungen um Himmel gewonnert.
© Denise Konsbruck / Mobile Reporter (Archiv)

Et huet bëssen ausgesinn, wéi wann eng ganz Rëtsch Fligere géifen hannertenee fléien.
Dat war awer net de Fall.

An Tëschenzäit ass gewosst, datt et sech ëm e sougenannten "Starlink Train" gehandelt huet, ëm Satellitten vun der amerikanescher Entreprise "SpaceX", déi hannertenee geflu sinn.

Domadder soll e globalen Internet-Reseau opgebaut ginn, deen dat anert Joer bal iwwerall op der Welt fonctionéiere soll.

Déi Satellitte kann een iwwregens och e Sonndeg den Owend nach emol gesinn an zwar um 22.23 Auer.

Back to Top
CIM LOGO