
Dir hutt Journalismus studéiert
oder ewell an deem Beräich geschafft.
Dir sidd virwëtzeg, stress-resistent an teamfäeg,
flexibel, dynamesch an engagéiert.
Wann Dir Iech an dësen Aussoe selwer erkennt an eng Plaz sicht,
da mellt Iech bei eis:
Well da sidd Dir eis Fra oder eise Mann!
Mir bidden en interessanten Job
an der RTL-Redaktioun (Radio, Télé, Internet)
mat engem attraktiven Aarbechtsëmfeld
an der RTL-City um Kierchbierg.
SCHREIFT EIS!
Mailt eis Äre CV wgl. mat Foto, Adress an Telefonsnummer
souwéi engem Motivatiounsbréif op Lëtzebuergesch op:
multimedial@rtl.lu