
Duerch den Doud vum DP-Fraktiounspresident Eugène Berger koum et jo zu Changementer am Programm vun der Chamber. Reportéiert goufen d'Plenièren an domat och de Vott iwwert de Successeur um Poste vum Generalsekretär vun der Chamber, wou jo de Claude Frieseisen op engem vun den héchste Beamteposten am Land no 17 Joer an d'Pensioun geet.
RTL-Informatiounen no, gëtt d'Feld vun de Kandidaten ëmmer méi kleng, well sech mam Alain Wetz ee vun den zwee Favoritten zréckgezunn huet.
Wat cocasse war: Iwwerdeem, eise Sourcen no, d'DP an de President Fernand Etgen mat der Kandidatur vum aktuelle Commissaire du Gouvernement chargé de l'instruction disciplinaire Alain Wetz éischter fir eng extern Léisung plädéiert haten, haten déi aner zwou Koalitiounsparteien mam Laurent Scheeck en interne Favorit.
LSAP a Gréng hu sech also quasi mat hirer personeller Optioun behaapt respektiv duerchgesat.
Nom Réckzuch vum Alain Wetz bleift et also bei der Konsens-Kandidatur vum Laurent Scheeck, an natierlech nach ronn enger Dosen anere Kandidaturen, déi och wëllen op den administrative Chefposte vum Parlament kommen.
De Vott iwwert dës Kandidaturen, déi dann nach Rescht sinn, ass an der Woch vum 4. Februar an der Chamberplenière.