Gemeng Lenneng-KanechRTL-Informatiounen no huet de Buergermeeschter demissionéiert

RTL Lëtzebuerg
Den Arnold Rippinger huet seng Demissioun op den 1. Januar 2022 gefrot, dat aus gesondheetleche Grënn.
© www.lenningen.lu

Den Ausgang vun de Komplementarwalen zu Lenneng fuerdert e politescht Affer. RTL-Informatiounen no demissionéiert den aktuelle Buergermeeschter Arnold Rippinger vu senge Funktiounen. En entspriechend Schreiwes huet de laangjäregen Ost-Politiker un de Grand-Duc adresséiert.

Wéi et an deem Bréif heescht, deen RTL virläit, nennt den Nach-Buergermeeschter gesondheetlech Grënn fir seng Decisioun. D'Demissioun gëtt op den 1. Januar d'nächst Joer gefrot.

Bei de Komplementarwalen de leschte Sonndeg hate sech mat Tim Karius, Philippe Gengler an Jean-Marie Hermann dräi Kandidaten als nei Conseilleren duerchgesat, déi der Oppositioun zougerechent ginn.

Schonn zanter Méint gëtt et politescht Rumoueren an der klenger Ost-Gemeng. D'Demissioun vum Buergermeeschter Rippinger ass lo mol den Epilog vu vill Gestreits an d'Enn vun enger Politcarrière, déi bal 4 Joerzéngte gedauert huet.

Datt de politesche Klima an der Gemeng Lenneng um Déifpunkt ass, dorop hunn och d’Demissiounen am Summer vun zwee Schäffen an engem Conseiller higedeit. Am Juni haten d’Josiane Bellot an de Marc Thill als Schäffen demissionéiert.

D’Josiane Bellot gouf duerch de Claude Leuck ersat, de Marc Thill ass nach bis haut am Interim op sengem Posten, well nach keen Ersatz fonnt ass. Am Juli war dunn de Robert Back als Conseiller zeréckgetrueden, 2019 war et de Joël Wagener. Bei de Komplementarwalen hate siwe Leit fir déi dräi fräi Posten am Lennenger Gemengerot kandidéiert.

2017 bei de Gemengewale war den demissionäre Buergermeeschter mat 365 Stëmmen de Fënneftgewielten. Éischtgewielt waren den Daniel Hoffmann an den Daniel Gillen, déi sech zur Oppositioun zielen.

Back to Top
CIM LOGO