Chamber-PetitiounskommissiounRonn 40 Petitioune waarden drop, gepréift ze ginn

RTL Lëtzebuerg
Op d'Membere vun der Chamber-Petitiounskommissioun kënnt zolidd Aarbecht no der Summerpaus duer.

Eng ronn 40 Petitioune waarden nämlech drop, fir gepréift ze ginn, ob se recevabel sinn. Wann d'Petitioun de Kritären  entsprécht, gëtt se jo um Chamber-Site publizéiert, fir wärend 42 Deeg kënne signéiert ze ginn.

D'Palette vun de Sujeten, woufir d'Petitionären Ënnerschrëfte sammelen, ass wéi ëmmer ganz breet gefächert.

Zum Beispill gëtt vum Jerry Klein gefrot, d'Schoulvakanz am Summer op 6 Wochen ze reduzéieren, den André Steffen freet de Remboursement duerch d'CNS vu Seancë beim Psycholog an de René Hamel wëll, datt Uber och eng Erlaabnis kritt, seng Servicer hei am Land unzebidden.

Et ginn och Petitiouns-Proposen, déi sech mat de Bränn am Amazonas a mat der Besteierung vu Witfraen oder dem Waasserpräis beschäftegten. Iwwer all eenzel Propositioun muss elo tranchéiert ginn, dëst an der nächster Reunioun vun der Chamber-Petitiounskommissioun, déi an zwou Woche beieneekënnt.

Eng Petitioun muss sécher ëffentlech am Chamberplenum debattéiert ginn an zwar déi vum Ana Pinto, déi sech fir e gratis Adapto-Transport ausgeschwat hat. Nodeems den néidege Seuil vu 4.500 Ënnerschrëfte mat bal 5.900 depasséiert gouf, huet den zoustännege Minister François Bausch ewell annoncéiert, datt dësen Transportsystem fir eeler a krank Leit wäert reforméiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO