Wéi éierlech a konsequent ass den Engagement vum Landwirtschaftsministère? Déi Fro stellt sech de Mouvement Ecologique beim Thema Biolandwirtschaft a Reduktioun vu Glyphosat.
An engem Communiqué gëtt virun allem eng Moossnam kritiséiert: Konventionell Baueren déi op de Pestizid verzichten sollen eng Entschiedegung vun 30€ pro Hektar kréien. Biobaeure kriten awer keng finanziell Ënnerstëtzung, mam Argument, si géife jo souwisou net op Glyphosat zeréck gräifen. Dat wier net fair a géing an déi falsch Richtung goen, sou d'Ëmweltschutzorganisatioun.
Dernieft géinge sech weider Froe stellen. Ginn déi konventionell Bauere bei der Ëmstellung genuch beroden a begleet, gi genuch Alternative proposéiert?
Prinzipiell wieren d'Bio-Zieler vun der Regierung natierlech ze begréissen, fënnt de Mouveco, ma et missten elo konkret Instrumenter proposéiert ginn.