Et gouf verschidde gutt Usätz, mee esou de richtegen "Ummpff, allez, lo pake mer et un", gouf et net. Esou huet de Romain Schmit en Donneschdeg de Moien hei op RTL den Etat de la nation vum Premier Luc Frieden d'lescht Woch kommentéiert. De Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun huet begréisst, datt d'Regierung wéilt d'Ëmfeld fir d'Betriber méi attraktiv maachen. An awer wieren a sengen Aen "déi, déi de Buttek schmäissen" e bësse bei d'Lisett gelooss ginn.
Elo geet et op der Tripartite Mol drëm, den Impakt vum Krich am Iran op d'Leit an d'Betriber ofzefiederen. D'Leit an d'Betriber spieren deen Impakt ënnerschiddlech, sou de Premier. Am Handwierk géing aktuell jidderee kloen, esou de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun. "Et geet queesch duerch de Gaart", esou de Romain Schmit. D'Präisser vun de Matières premières géingen de Betriber “ronderëm d'Ouere" fléien an d'Fournisseure selwer géingen eng "Taxe Diesel” op all Tonn oder Deplacement applizéieren. Dat alles géing sech duerno am fäerdege Produkt oder an der "Handwierksleeschtung" erëmspigelen.
D'Betriber géinge wéinst der Präisentwécklung hir Käschte probéieren ze reduzéieren, mat awer Konsequenzen op den Emploi. De Romain Schmit huet d'Beispill vu Bäcker genannt, mat deenen hie geschwat hätt: "déi wëllen hir Offer reduzéieren, dat heescht manner Produite maachen, wou vill Handwierksleeschtung dra stécht".
D'Handwierkerfederatioun wier fir d'Tripartite fir all "Schandtat" bereet, esou de Romain Schmit zum Opruff vum Premier, fir zesummenzehalen. Et wier awer einfach a komplizéiert zugläich: et misst een d'Inflatioun an de Grëff kréien, fir dräi Indextranchë bis September d'nächst Joer ze vermeiden, esou de Romain Schmit.
Iwwerdeems de Luc Frieden engersäits sot, den Index wier a Stee gemeesselt an anerersäits, et géing op der Tripartite net drëm goen, fir d’Inflatioun ze bremsen, huet de Romain Schmit gewarnt, datt wann ee bis "d'Indexdiskussioun" hätt, ee sech da misst froen, ob ee se kompenséiert, verréckelt oder fale léisst. Fir dat ze vermeiden, misst een d'Hausse vun de Präisser "op breetster Front" ofgebremst kréien. Net all Betrib oder all Secteur kéint d'Präishaussen op de Client ofwälzen: d'Leit, d'Clienten hei am Land géife sech net iwwert den Dësch zéie loossen.
De Vertrieder vum Handwierk sot, hie wier bereet, iwwer sektoriell oder geziilte Mesuren ze schwätzen, wat de Premier indirekt suggeréiert huet. De Romain Schmit huet awer virun Distortiounen an der Konkurrenz gewarnt, well een déi gläich Conditioune fir all d'Handwierksbetriber gär hätt. Hie wier sech awer net sécher, ob d'Sozialpartner bereet wieren, déi Approche matzedroen.
Aus den Zuelen, déi de Statec fir d'Tripartite preparéiert huet, liest ee raus, datt d'Betriber hei am Land manner investéieren ewéi an eisen Nopeschlänner an ewéi d'Moyenne an der Eurozon, mee verhältnisméisseg méi Dividenden ausbezuelen. De Romain Schmit sot, d'Handwierksbetriber géinge sech an der Reegel keng Dividende bezuelen, mee wann de Betrib um Enn vum Mount eppes ofgeworf huet, géing sech de Patron selwer eng Pai ginn. Zu Lëtzebuerg wieren déi grouss Zuelen "ewéi esou dacks" och kleng Zuelen.
De Generalsekretär vun der Fédération des artisans huet op d'Stagnatioun vun der Wirtschaftsleeschtung higewisen an de Réckgang vun de Margen, déi scho virum Iran-Krich eng Realitéit waren. Och wann dat iwwer d'Tripartite erausgeet, huet de Romain Schmit an deem Zesummenhang beklot, datt d'Betriber ëmmer méi Leit am administrative Beräich missten astellen, iwwerdeems d'Aarbechtszäit zeréckgaangen ass, wat a sengen Aen d'Erklärung fir e Produktivitéitsverloscht wier.
Fuerscher vum Statec hunn Ufanks Mee an engem Aarbechtspabeier eng aner Method proposéiert, fir d'Produktivitéit ze berechnen. Opgrond vun dëser anerer Method huet de Romain Hilgert an der Wochenzeitung "d'Land" d'lescht Woch ausgerechent – graff resuméiert – datt Kapitalbesëtzer 10 Mol méi breet Schëlleren hunn, ewéi Salariéen. "Ech gleewen net, datt déi sech esouvill huelen, ewéi dat do beschriwwe ginn ass", esou de Romain Schmit.
Invité vun der Redaktioun: Romain Schmit
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.