Wiessel un der SpëtztRomain Bausch net méi President vun der SES

RTL Lëtzebuerg
De Romain Bausch ass net méi Member vum Verwaltungsrot vun der SES, déi Firma, där hir Geschécker hie laang mat bestëmmt huet.

Hie war Generaldirekter vu 1995 bis 2014 an duerno President vum Verwaltungsrot. Op Nofro huet hien erkläert, schonn d’lescht Joer decidéiert ze hunn, datt dat laang genuch wier. Et bräicht een ee Generatiounswiessel, sou datt hie just nach fir eng Iwwergankszäit mat am Conseil war.

Neie President vun der SES ass zanter Februar schonn den däitsche Frank Esser, dee vum franséischen Telecom-Betrib SFR kënnt.

Back to Top
CIM LOGO