EconewsEise Staatsfong

Claude Arend
Schonn de 16. Abrëll huet de Fond Souverain Intergénérationnel du Luxembourg – eise Staats- oder Zukunftsfong – seng Resultater am Handelsregister publizéiert. Awer weder op enger Pressekonferenz, nach an engem Communiqué vum Finanzministère ass dat ugekënnegt ginn. Huet de Staatsfong schlecht Resultater ze verstoppen?
© JAKUB PORZYCKI/NurPhoto via AFP

Econews vum 11. Mee 2026

Ze verstoppen hu se näischt beim Staatsfong. Do passéiert alles transparent. An all ze schlecht sinn d’Resultater och net. Den FSIL huet 2025 mat engem Rendement vun 2.61 Prozent opgehalen. Et ass wéi fréier am Lycée, sou just keng Datz. Awer dat huet seng Grënn. De Fong investéiert no sougenannten SRI- an/oder ESG-Krittären. Also sozial responsabel an nohalteg. Dat heescht, bei den Aktië gi verschidde Beräicher ausgeschloss, respektiv bei der Selektioun vun den Emetteure vun Obligatiounen och. Do gëtt et virun allem eng Präferenz fir sougenannte „gréng Obligatiounen“. Dat kascht natierlech an engem Joer wéi 2025 eppes u Performance. Awer dofir kritt een als responsabele Politiker vum FSIL manner Froe gestallt. Déi Ëmstellung op méi nohalteg Investissementer geet jo och op eng Initiativ Enn 2020 an der Chamber zréck.

2.61Prozent Performance fir d’Joer 2025 - wann een dat géint de Verloscht u Kafkraaft kuckt, bleift net méi vill iwwreg. Am Dezember ware mer, wa mer Energie an Iesswueren erausrechnen, laut Eurostat bei enger Inflatioun vun 2.1 Prozent. Wann also d’Missioun ass, entweder eng Inflatioun ëm der EZB hire Level vun 2 Prozent oder dem Rendement vun 10 järege Lëtzebuerger Staatsemprunten ze erreechen, dann ass dat Resultat just keng Datz. Well de Staat huet am Dezember en Emprunt op 10 Joer bei 3.125 Prozent erausbruecht.

Wat hätt ee kënnen anescht maachen? Manner op ESG setzen. Ma dat ass keng Decisioun vu, deene Leit, déi de Fong geréieren. Dat kréie se zanter dem Summer 2020 sou virgeschriwwen. Et hätt ee kënnen den Undeel un Obligatioune méi séier reduzéieren, well dat sinn um Enn vum Joer awer nach 43 Prozent. Woubäi ee muss wëssen, datt den FSIL sech eng nei Allokatioun ginn huet an do Private Equity a Bitcoin mat erakommen. An d'Gewiichtung vun den Obligatioune soll bis op 32 Prozent zréck goen. Wann ee wëllt eppes fanne fir ze kritiséieren, dann dat. A sech och Froen zu der Duratioun vun Obligatioune stellen. Wëll do sinn an engem schwierege Joer 2025 vill Verloschter entstanen, déi e gudden Aktiemaart net komplett konnt ausgläichen, wéinst der ESG/SRI-Präferenz eben.

Iwwert 62 Milliounen huet de Staat un de FSIL am Joer 2025 iwwerwisen. An do sinn elo iwwer 784 Milliounen dran. Dat fänkt awer sou lues un interessant ze ginn. De Gewënn fir d'Joer 2025 waren nach just 20,3 Millioune géint 41,9 Milliounen dat Joer virdrun.

Back to Top
CIM LOGO