CIGL DéifferdengRoberto Traversini offiziell als President demissionéiert

RTL Lëtzebuerg
No sengem Récktrëtt als Buergermeeschter huet de Roberto Traversini och als President vum CIGL Déifferdeng demissionéiert.

Wéi de Verwaltungsrot vun der Beschäftegungsinitiativ en Donneschdeg den Owend an engem Communiqué matgedeelt huet, ass de Roberto Traversini op den 21. September als President zeréckgetrueden.

Et gouf festgehalen, dass d'Vizepresidentin vu bis elo Marie-Jeanne Leblond den Interim mécht, bis déi nächst Generalversammlung, déi d'nächst Joer ass. Wéi et heescht, wier d'Personal vum CIGL Déifferdeng iwwert des Changementer informéiert ginn. Et hätt een de Leit verséchert, elo mat der néideger Serenitéit weiderzefueren, fir de gudden Oflaf vun den Aktivitéite vum CIGL ze garantéieren.

RTL NEWS: Affär Gaardenhaischen: Reaktioun op Reproche un d'Ministesch Dieschbourg

PDF: Schreiwes vum CCIGL Déifferdeng

Back to Top
CIM LOGO