FreeportRobert Goebbels als President vum Verwaltungsrot demissionéiert

RTL Lëtzebuerg
De fréieren LSAP-Wirtschaftsminister a fréieren Europadeputéierte war am Abrëll 2015 an den Conseil d'Administration vum Freeport komm.

Informatioune vu Paperjam no huet den Robert Goebbels schonn Uganks Mäerz als President vum Verwaltungsrot vum Freeport demissionéiert. Hie géif sech iwwerdeems ganz aus dem Verwaltungsrot zeréckzéien.

De Robert Goebbels wär e gudde Kolleeg an an all deen e Joren hätt hien den Tour gemaach, esou d'Reaktioun vum Direkter Philippe Dauvergne géintiwwer dem Paperjam.

2018 hat déi finanziell Situatioun vum Freeport sech weider verschlechtert. Verloschter am Wäert vun 1,6 Milliounen Euro si bei déi 6 Milliounen Euro Perten dobäikomm, déi zanter dem Ufank vum Freeport zustane koumen.

Back to Top
CIM LOGO