
U sech sollt nämlech d'nächst Woch en Dënschdeg den Etat de la Nation sinn, dee wéinst der Noutstandssituatioun ewell aus dem Fréijoer verréckelt gi war.
RTL-Informatiounen no, op Wonsch aus dem Staatsministère, gëtt d'Ried net zum Etat de la Nation gehalen, mä vill méi iwwert d'Konsequenze vun der Covid-19-Pandemie.
Et dierft also präziséiert ginn, wat ewell e Mëttwoch nom Regierungsrot public gemaach gouf. Weider politesch Perspektiven - wéi et soss am Etat de la Nation de Fall war - ginn net skizzéiert.
D'Ried zur Lag vun der Natioun soll eréischt am Hierscht sinn, wann eng eventuell zweet Well eriwwer ass, a wann eventuell d'Chamber nees um Krautmaart beienee kënnt.
D'Propositioun vum Xavier Bettel gëtt en Donneschdeg um 9 Auer an der Conférence des Présidents diskutéiert.
