Renovéierungskäschten am sechsstellege BeräichRestauranten op der Eecher Plaz goufen uerg vum Héichwaasser getraff

Mariette Zenners
Verschidde Restauranten a Caféen hu bis haut hir Dieren net méi kënnen opmaachen a wëssen och nach net, wéi et fir si virugeet.
Restauranten op der Eecher Plaz nom Héichwaasser
Verschidde Restauranten a Caféen hu bis haut hir Dieren net méi kënnen opmaachen a wëssen och nach net, wéi et fir si virugeet.

Knapp 6 Woche sinn et lo hier - an der Nuecht vum 14. op de 15. Juli - wéi déi schro Iwwerschwemmunge verschidde Plazen am Land uerg getraff hunn. An der Stad war virun allem de Gronn betraff oder och nach d'Cloche d'Or. D'Eecher Plaz stoung praktesch ganz ënner Waasser.

Elo wier et wichteg, de Betriber séier an onkomplizéiert ze hëllefen, esou de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca-Federatioun. De Secteur ass duerch de Covid scho gebeidelt, dowéinst ass mam Mëttelstandsministère eng "Aide remboursable" ausgeschafft ginn, déi da quasi als Hëllef ëmgewandelt gëtt.

Extrait François Koepp

Fir zwee Restauranten op der Eecher Plaz gëtt d'Zomm fir d'Renovatioune sechsstelleg geschat. Ee vun deenen zwee Restauranten, déi zum nämmlechte Grupp gehéieren, ass méi déif geluecht, hei huet d'Waasser en hallwe Meter erreecht. Den Holzbuedem ass opgeweecht an d'Kiche komplett futti, sou den Dominique Colaianni, Co-Fondateur vum Restaurantsgrupp.

Extrait Dominique Colaianni

Well et sech hei ëm eng "zone inonable" handelt, kënnt d'Assurance just bis 20.000 Euro op. Elo hofft een op d'Hëllef vum Staat. De Schued muss awer mol evaluéiert ginn. A mam Kollektivcongé an de ville Leit, déi Schued haten, ass et guer net einfach, fir Handwierker fir Devisen erbäizekréien.

De Schued ass esou grouss, dass déi Responsabel vum Restaurant Sapori net wëssen, ob et sech iwwerhaapt lount, op der Eecher Plaz nach emol opzemaachen. Mol keng 3 Méint ass Restaurant no der corona-bedéngter Fermeture nees geschafft ginn, elo weess ee net, wéini een d'Ekipp aus dem Chômage technique kann huelen.

Back to Top
CIM LOGO