2.500 SchülerRentrée am Lycée Vauban um Mëttwoch an Donneschdeg

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Schoulen hu jo nach eng Woch Vakanz, fir d'Schüler vum franséiche Lycée Vauban war et awer um Mëttwoch scho sou wäit.
Rentrée am Lycée Vauban um Mëttwoch an Donneschdeg
D'Lëtzebuerger Schoulen hu jo nach eng Woch Vakanz, fir d'Schüler vum franséiche Lycée Vauban war et awer um Mëttwoch scho sou wäit.

D'Schoul huet rëm ugefaang an zwar fir di Kleng aus der Spillschoul an déi vum Kolléisch- wat am franséische System d'Schüler tëscht 11 a 15 Joer sinn.

Den eigentleche Lycée - déi vu 16 Joer un an déi aus der Grondschoul -  hunn en Donneschdeg Rentrée.

Am Lycée Vauban, deen 2017 an de Ban de Gasperich geplënnert ass, sinn am Ganzen 2.500 Schüler tëscht 3 an 18 Joer an 300 Enseignanten. Si hunn eng gutt Reussite beim Bac, 99 % kommen duerch an et si ganz vill verschidden Nationalitéiten do.

Back to Top
CIM LOGO