D'Landwirtschaft reagéiertRelance-Pak fir d'Agrikultur: Bauere fille sech vernoléissegt

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg hat de Landwirtschaftsminister Romain Schneider jo de Relance-Pak fir d'Agrikultur an Héicht vu 5 Milliounen Euro presentéiert.

D'Bauere fille sech also vernoléissegt. Ma de Gros dovunner wäre keng Direkthëllefen, et wär och net mat de Vertrieder geschwat ginn an et géing generell u politeschem Support feelen.

Bauere fille sech vernoléissegt

Et soll net gemengt ginn, dass d'Baueren extrem héich Entschiedegunge kréien. Dat wär nämlech net de Fall. De Gros vun de 5 Milliounen Euro, nämlech 3 Milliounen, géinge gehale gi fir d'Assises Agricoles, erkläert d'Directrice vun der Bauerenzentral Josiane Willems.
Do soll am Hierscht eng Analyse vun der Maart-Evolutioun gemaach ginn. An jee nodeem, wat fir eng Secteuren elo tatsächlech méi staark betraff sinn, da gëtt entscheet, ob déi Suen ausbezuelt ginn oder net. Dat heescht elo ganz konkret gesot, fir den Ament kréien am Fong nëmmen déi Betriber eppes, déi direkt hir Aktivitéit hu mussen astellen an déi aner kréien näischt.“

D'Landwirtschaft konnt an huet misse weider produzéieren. Eng Produktioun, déi och net vun haut op Muer konnt gestoppt ginn.

„Et war jo och extrem wichteg, dass wärend der ganzer Zäit Liewensmëttel produzéiert gi sinn. An dem Sënn ass et systemrelevant. Mee et ass richteg, dass d'Bauere sech e bësse vernoléissegt fillen an dofir insistéiere mir och ganz staark drop, dass effektiv e ganz präzise Monitoring gemaach gëtt fir ze kucken, wéi d'Präisevolutioun ass an dass do net ze vill no 5-Joresmoyennen oder hei oder do gerechent gëtt.“

An der ganzer Covid-Pandemie hätt ee Fuerderungen un de Minister gestallt an ëmmer nees op d'Situatioun opmierksam gemaach, mee et wär een awer net mat agebonne ginn.

Et géing een eréischt an 3-4 Méint gesinn, wéi staark d'Abousse fir d'Landwirtschaft duerch d'Coronavirus-Pandemie sinn, seet den Aloyse Marx, President vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband. De Montant vu 5 Milliounen Euro wär jo och un Konditioune gebonnen, mee wéi dës Konditiounen definéiert ginn, wär net gewosst.

Vun dohier muss een elo mol kucken, wat déi Konditioune genau sinn, éier ee sech och do ka äusseren ob de Montant duer geet. Mee insgesamt gekuckt, ass et sécher e ganz bescheidene Betrag virum Hannergrond vun der grousser Envergure vu méiglechen negative Konsequenzen, déi sech op déi landwirtschaftlech Betriber mëttelfristeg erginn.“

Donieft fuerdert de President vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband och, nieft dem Finanziellen, méi politeschen Support vun der Regierung an idem wéi d'Bauerenzentral, méi nogelauschtert ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO