Diskussioun ëm SpillplazenRegierung an Oppositioun reprochéiere sech géigesäiteg Opportunismus

Maxime Gillen
Eis Nopeschlänner hu se schonn oder féiere se an den nächsten Deeg an, sougenannt "Tracing Apps".

Déi sollen hëllefen, Infektiounskette méiglechst séier ze ënnerbriechen. D'Regierung hat sech relativ fréi an der Kris skeptesch géintiwwer esou Methode gewisen an huet bis haut um analogen Tracage festgehalen. D'CSV huet en Dënschdeg en Ëmdenken an deem Beräich gefuerdert.

Diskussiounen an der Chamber/Reportage Maxime Gillen

Et hätt ee wuel virun e puer Wochen eng Motioun zu deem Thema gestëmmt, ma antëscht hätt den nationalen Ethikrot en Avis publizéiert, dee sech fir d'Entwécklung vun esou enger App ausschwätzt an dowéinst sollt een dës Optioun zumindest emol sachlech debattéieren, esou d'Fuerderung vum CSV-Deputéierte Claude Wiseler en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber. E Sënneswandel, deen dem Premier Xavier Bettel net ageliicht huet.

"Mir hunn hei zesummen driwwer diskutéiert. Mir hunn eng Motioun gestëmmt, wou mer gesot hunn, d'Regierung soll op dat Analoogt setzen, dat Analoogt weiderféieren. Mir maachen dat. Déi aner juristesch, technesch gëtt iwwerpréift. Et ass méiglech, wann de Besoin do ass, kënne mer et maache. Mä sot eis just, Här President, wat d'Chamber wëll. Mir si flexibel. Mir si bereet, dat ze maachen, wat wichteg a richteg ass, wat dir fannt."

E weidere Sujet um Ordre du Jour war eng Motioun vun der CSV, fir vun e Mëttwoch un d'Spillplazen erëm opzemaachen. E Sujet, ëm dee ganz séier eng gewësse Polemik ausgebrach ass. D'Regierung géif dës Decisioun, genee wéi fir viregt Phase vum Deconfinement, am Ofstand vun zwou Wochen an op Basis vun den aktuellen Zuelen huelen. Aktuell géif et och gutt ausgesinn, ma eng Decisioun géif eréischt den Dag drop am Regierungsrot geholl ginn, esou de Premier, deen der Oppositioun Opportunismus reprochéiert huet.

"Wou se wëssen, dass et gemaach gëtt: Geet et ëm d'Saach? Oder geet et just dorëm, kënnen ze soen, duerch d'CSV wieren d'Spillplazen erëm opgaangen? Ech kann Iech just soen, et ass weder wéinst oder dank enger CSV, dass d'Spillplazen opginn."

Ma genee deen Opportunismus huet d'Oppositioun och der Regierung reprochéiert.

"Et ass also ganz kloer: Der Regierung geet et just drëms, fir muer kënnen ze decidéieren an dann der Natioun ze verkënnegen, datt si dat gemaach huet. Komm mir huelen als Parlament de Pouvoir dohinner, wou e gehéiert zeréck a mir stëmmen haut iwwert déi Motioun of a mir huele se un.", esou den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen en Dënschdeg.

Um Enn gouf d'Motioun mat de Stëmme vun der Majoritéit, also 31 zu 29, refuséiert.

Back to Top
CIM LOGO