No Kritik vun OppositiounRegierung a Premier iwwerhuele Verantwortung, esou déi Gréng

RTL Lëtzebuerg
Déi gréng Deputéiert Josée Lorsché an d'Djuna Bernard gesinn d'Kritik, déi vun der Oppositioun gemaach gouf, net als fondéiert.
© AFP

Ënner anerem aus der Richtung vun der CSV gouf et rezent haart Kritik um Premier an der Regierung, datt ee mam Arrêté grand-ducale, deen d'Situatioun um groussherzoglechen Haff soll reegelen, laanscht d'Chamber an de Staatsrot wëll goen, fir déi nei Situatioun en place ze setzen. Notamment d'Martine Hansen, d'Fraktiounscheffin vun der CSV, hat gesot, domadder wieren d'Deputéiert vu blo, rout, gréng domadder averstanen, datt se géifen entmëndegt ginn.

D'Djuna Bernard vun déi Gréng gesäit hir Roll als Deputéiert awer hei net violéiert. Dëst Thema soll a kann awer dës Woch, wou souwisou vill iwwert d'Zukunft vum Land wäert a muss debattéiert ginn, seng Plaz kréien. Dowéinst wier et net esou, datt d'Chamber an dësem Fall monddoud gemaach gi wier. Fir déi jonke Deputéiert a Co-Presidentin vun déi Gréng ass et kloer, datt hei e Premier ass, deen Neel mat Käpp gemaach huet an esou eng wichteg Thematik weiderbruecht huet.

Extrait Djuna Bernard
Déi Deputéiert vun "Déi Gréng" reagéiert op d'Kritik um Xavier Bettel an der Regierung, datt si laanscht d'Chamber géife fueren, fir Decisiounen ze huelen.

Och d'Josée Lorsché huet am Kader vun der Pressekonferenz vun Déi Gréng, wou si hir Haaptprioritéite fir d'Zukunft presentéiert huet, op d'Kritik um Premier Xavier Bettel reagéiert. Am Background am Gespréich vun e Samschdeg haten d'Martine Hansen vun der CSV, de Marc Baum vun déi Lénk, de Fernand Kartheiser vun der ADR an de Sven Clement vun de Piraten dem Premier virgeworf, sech senge Responsabilitéiten z'entzéien. Si hunn de Leadership vum Xavier Bettel an der Corona- a Wirtschaftrkis, souwéi awer och am Logements- an Ëmweltproblem vermësst.

Fir d'Josée Lorsché huet Lëtzebuerg awer aktuell eng Regierung, déi d'Verantwortung iwwerhëlt an e Premier, deen och emol d'Verantwortung kann ofginn. D'Deputéiert vun Déi Gréng fënnt et gutt, datt de Xavier Bettel seng ganz Mannschaft an d'Verantwortung hëlt. "Hie steet driwwer, verdeelt och vill Aarbecht an ass ëmmer deen, deen d'Leit ëmmer nees zesummebréngt." D'Fraktiounscheffin vun déi Gréng gesäit d'Kritik dofir net esou.

Extrait Josée Lorsché
D'Regierung iwwerhëlt d'Verantwortung, esou déi gréng Deputéiert.

Back to Top
CIM LOGO