François Bausch am RTL-InterviewReese wäert och am Joer 2021 schwiereg bleiwen

Annick Goerens
Jeannot Ries
Déi nächst Méint wäerten trotz der Arrivée vun der Impfung schwiereg ginn, et soll ee sech keng Illusioune maachen, sou de François Bausch.
Reese wäert och am Joer 2021 schwiereg bleiwen
Déi nächst Méint wäerten trotz der Arrivée vun der Impfung schwiereg ginn, et soll ee sech keng Illusioune maachen, sou de François Bausch.

2020 war e komplizéiert Joer. Mir hunn duerch d'Pandemie bedéngt missen op villes verzichten. Op enk Kontakter mat der Famill grad wéi och op Reesen. Mam Joreswiessel a virun allem och mat der Arrivée vum Impfstoff kënnt Hoffnung op, datt 2021 nees méi normal gëtt. Bis dohin ass awer nach Gedold néideg.

"Och wa mir elo déi Vaccinen hunn, et soll kee sech Illusioune maachen. Bis déi éischt am breede Sënn kënnen administréiert ginn, respektiv bis dat wierkt, dat dauert nach eng Rei Méint. Sou laang wäerte mir nach ëmmer an enger ganz schwiereger Situatioun sinn. Virun allem elo déi Wanterméint, Januar, Februar, bis Mäerz, Enn Mäerz, bis d'Fréijoer kënnt. Dat hëlleft ons dann natierlech och. Et wäerte ganz schwiereg Méint ginn. Dofir wär et wierklech wënschenswäert, datt an Europa sech nach vill méi concertéiert gëtt", sou de Vizepremier François Bausch.

Bis d'Vaccinen och am breeden Sënn kënnen agesat ginn, bei der ganzer Populatioun a bis dat wierkt, géing et nach daueren a genee dofir wier et wichteg, dass sech besser op europäeschem Plang koordinéiert gëtt.

Grouss Harmonie gëtt et den Ament keng bannent der EU. D'Gesondheet, de Schutz vun de Grenze si bannent der EU national Kompetenzen. Wien den Ament reest, huet besser sech zweemol z'informéieren, wou PCR-Tester obligatoresch sinn oder wou eng Quarantän verlaangt gëtt.

Reesen am Joer 2021 - Do stelle sech den Ament vill Froen

Kënnt et esou wäit, datt verschidde Fluchgesellschafte just nach d'Fléie mat Covid-19-Impfpass erlaben? Datt ee just nach mat Impfpass a Kino an Theater däerf? Datt eenzel Länner, Secteuren, hir eegen Zopp kachen?

"Et leeft eng grouss Diskussioun den Ament, haaptsächlech am private Raum. Wou verschiddener soen, zum Beispill eng Croisière, bei mir däerf just een op d'Schëff, dee geimpft ass. Do hu mir net ganz vill Afloss drop. Do ginn nach juristesch Avise gekuckt. Et gëtt an alle Länner gekuckt, z'evitéieren, datt mer elo op eemol déi eng géint anerer ausspillen, déi de Privileeg hate méi schnell geimpft ze sinn."

De François Bausch warnt: Et dierft keng Zwou-Klasse-Gesellschaft geschaaft ginn. "Et wier wichteg, datt d'Leit sech impfe loossen. Datt d'Leit méiglechst vill matmaachen. Op fräiwëlleger Basis", sou de François Bausch.

Deen iwwerdeems och ënnerstrach huet, datt d'Lëtzebuerger Regierung den Ament net wëlles hätt, en Impfpass anzeféieren. Een Dokument wat beleet, datt ee geimpft ass, well et am Ausland verlaangt gëtt, fir datt Lëtzebuerger Residenten nach dohinner reese kënnen, wier am Fall wou eng aner Diskussioun.

Back to Top
CIM LOGO