
Dat schreift de Konsumenteschutz an engem Communiqué no enger Entrevue mat der Superdreckskëscht. D'lescht Woch hat den Ëmweltministère de Projet presentéiert.
All Supermarché mat enger Verkafsfläch vun 1.500 m2 u muss an Zukunft en Drive-In-Recyclingszenter zur Verfügung stellen. Eng gutt Iddi, fënnt den ULC-President Nico Hoffmann.
"Fir eis ass dat am Fong och eng Win-Win Situatioun, engersäits dat Ganzt dann eben a Verbindung ze brénge mam Akaf, d'Entsuergung, déi jo och an ekologescher Hisiicht munch Positives bréngt."
De Projet géing och Aarbechtsplaze schafen, déi zum Beispill Leit mat enger Behënnerung oder sozial benodeelegt Persounen eng sënnvoll Beschäftegung géing ginn, sou de Konsumenteschutz. Schonn zanter 10 Joer gëtt et e Pilotprojet vun engem Recyclingszenter um Houwald - eng Etüd vu Valorlux an Ecoconseil hat de Sënn dovunner awer a Fro gestallt. Den Nico Hoffmann gesäit dat anescht.
"De Pilotprojet huet awer e gewësse Succès, ech hunn elo d'Chiffere leider net bei mer, an ech weess och, datt deementspriechend munch positiv Erfarungen am Ausland gemaach gi sinn, wou scho méi laang ugebuede ginn, wéi dat elo hei zu Lëtzebuerg de Fall ass."
Kritik um neien Offallgesetz gouf et awer rezent och nach aus engem anere Grond - wéi d'Online-Noriichtesäit Reporter.lu ugangs Abrëll gemellt hat, krut de Superdreckskëscht-Bedreiwer Oeko-Service nämlech schonn 2018 den Optrag fir dës Recyclingszenter ze bedreiwen, also virum Gesetzprojet. Am Februar schonn hat Reporter d'Fro opgeworf, ob de Staat der Firma Virdeeler verschafen an de Marché verzerre géing. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hat d'lescht Woch annoncéiert, datt en deementspriechenden Audit vun der Aktioun Superdreckskëscht an 2 Méint soll fäerdeg sinn. Den Nico Hoffmann wëll deem net virgräifen, mee...
"Opgrond vun deene Gespréicher, déi d'ULC elo mat der Superdreckskëscht hat, wieren déi Reprochen u sech net haltbar. Bon méi kann een elo zu dësem Moment net soen, et well ee jo och net engem Audit do virgräifen. Do stellt sech effektiv d'Fro, ob dat net dann och erëm Geschichte sinn, wat d'Konkurrenz ubelaangt, well et ass jo ëmmer een den éischten an an deem hei Domaine ass d'Superdreckskëscht beschtens opgestallt gewiescht."
De President vum Konsumenteschutz ass net der Meenung, datt d'Verbraucher hei eng manner gutt Qualitéit kritt hätten. Et géing een zanter 21 Joer gutt mat der Superdreckskëscht zesumme schaffen an et wier een der Meenung, datt bis elo eng gutt Aarbecht gemaach gi wier.
De Konsumenteschutz begréisst, datt an Zukunft all gréissere Supermarché e Recyclingszenter soll kréien. Dat ass am neien Offallgesetz esou virgesinn, stoung awer rezent an der Kritik. Aus enger Etüd am Optrag vu Valorlux an Ecoconseil war ervir gaangen, datt esou Zenter keng Alternativ fir d'Haus-zu-Haus-Sammlung wieren, d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hat awer d'Methodologie vun där Etüd a Fro gestallt. Fir d'ULC sinn dës Recyclingszenter an Akafszenter duerchaus sënnvoll, sou hire President Nico Hoffmann.