VerwaltungsgeriichtRecours vu Mann, dee säi Familljennumm aus "legitime Grënn" ännere wollt

RTL Lëtzebuerg
D'Ufro vum Mann, fir de Familljennumm geännert ze kréien, war duerch e groussherzoglechen Arrêté vun Oktober 2018 verworf ginn.
© RTL Archiv

Verwaltungsgeriicht: Changement vum Familljennumm

„Den Tribunal administratif gesäit de Recours als justifizéiert un. En annulléiert dowéinst en Arrêté grand-ducal vun Oktober 2018, duerch deen e Mann d'Autorisatioun net krut, fir säi Familljennumm z'änneren. D'Affär huet bei déi zoustänneg Autoritéit zréckzegoen an de Stat d'Fräen z'iwwerhuelen.": Sou steet et an engem Uerteel vum Verwaltungsgeriicht.

D'Affär hat hiren Ursprong am September 2017, wéi e Mann ebe beim Justizministère nogefrot hat, fir säi Familljennumm änneren ze kënnen. De Procureur d'État an d'Procureurs générales d'État hate sech an zwee Avise vum November 2017 dogéint ausgeschwat, genee wéi de Staatsrot am Mäerz 2018.

De Mann goung am November 2018 op d'Verwaltungsgeriicht. Do hat hien erkläert, dass hien aus „graven a legitime Grënn" säi Familljennumm changéiere wéilt. Dat, well säi Papp versicht hätt, seng Mamm dout ze maachen, woufir de Papp um Stater Geriicht zu enger Prisongsstrof vu 15 Joer verurteelt gouf. De Mann hätt zanter ronn 20 Joer kee Kontakt méi zum Papp, sech elo och bestuet an e Kand mat senger Fra. Fir de Mann géif et seriö an uerg Grënn ginn, wéinst deenen hie säin Numm ännere wéilt. Et wär net verbueden, den Numm vun der Fra oder vum Kand ze droen, an et wär a sengem Intressi an an deem vum Kand, fir deem säin Numm ze droen. Fir de Staat dogéint wär et am nationale Recht net virgesinn, dass Lëtzebuerger den Numm vum Partner droe géifen.

De Riichteren no ass an de Gesetztexter just virgesinn, dass e Familljennumm ka geännert ginn, wann aussergewéinlech Ëmstänn virleien. De Mann wéilt op Grond vu senger Familljegeschicht a vum Manktem u Lien mam Papp definitiv mat deem a mat senger Famill briechen. Et léichen effektiv uerg an aussergewéinlech Ëmstänn vir, déi e Changement vum Familljennumm a priori justifizéiere géifen. Och wann den neie Familljennumm, dee vun der Fra wär, wier et fir de Mann a virun allem dee vum gemeinsame Kand.

Et wär falsch gewiescht, dem Mann net z'erlaben, säi Familljennumm z'änneren, a festzehalen, dass an aussergewéinlechen Ëmstänn d'Demande, fir de Familljennumm z'änneren, net ka refuséiert ginn, well et am nationale Recht fir e bestuete Mann net méiglech ass, den Numm vu senger Fra ze droen.

De Recours wär dofir als fondéiert unzegesinn an den Arrêté grand-ducal z'annuléieren. De Mann hätt awer keng Indemnité de procédure vun 1.000 € zegutt.

Back to Top
CIM LOGO