Piraten, ADR an CSVReaktiounen op nei Corona-Mesurë fale bei der Oppositioun gemëscht aus

RTL Lëtzebuerg
Bei der CSV wëll een op déi definitiv Texter waarden, d'ADR fënnt den Drock op d'Gesellschaft ze héich an d'Piraten tendéieren zum 2G Plus.

D'Pirate begréissen d'Reduzéierung vun der Gëltegkeet vun den PCR- a Schnelltester, déi jo scho leschte Freideg decidéiert goufen, mä si bedaueren, dass d'Mesuren net wäit genuch ginn.
Sven Clement:„Firwat keen 2G Plus? Mir Pirate sinn der Meenung, datt een och geimpft a geneese soll weiderhin sech testen, ech mengen dat maache mir Deputéierter och, einfach fir eng gewëssen zousätzlech Sécherheet ze hunn a grad gréisser Veranstaltungen, ech mengen do 50+ géifen definitiv an engem 2G Plus besser oflafen, wéi wann een dat lo mat engem rengen 2G maachen. An et gëtt ganz schwéier herno d’Leit vun de Beneficer vun der Impfung ze iwwerzeegen, wa mer ee Cluster bei enger 2G-Veranstaltung géinge kréien.“

Bei der ADR stellt ee sech vill Froen iwwer déi nei Mesuren. Notamment mécht sech déi Alternativ Demokratesch Reformpartei Suergen iwwer d'Entwécklung vun eiser Gesellschaft. Mam 2G an 3G géing ze vill Drock op eis Gesellschaft gemaach ginn, fënnt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.
 
Fernand Kartheiser: „Nieft der sanitärer Situatioun muss een och d’Gesellschaft allgemeng kucken, an do muss een awer e Bléck op dat hunn, wat am Abléck geschitt. Dat ass nämlech bëssen eng Radikaliséierung, an net nëmme vun enger Säit, mä och bësse vun alle Säiten, wou een immensen Drock opgebaut gëtt an do muss ee sech wierklech froen, ob d’Regierung do op deem richtege Wee ass.  Mer hunn éischtens emol de Prinzip vun der Fräiwëllegkeet vun der Impfung, do kann ee sech froen, ob mat deenen 2G, 3G Reegelen, wou déi eng aus dem soziale Liewe praktesch ganz ausgeschloss ginn, an och mam 3G, wou ee muss bezuelen, fir iwwerhaapt dierfe schaffen ze goen, ob dat de richtege Wee ass."

Bei der CSV gesäit een déi nei Mesuren méi nuancéiert, wéi bei der ADR. Mam aktuellen niddregen Impftaux, mat der neier Variant a mat der Zuel vun Stierffäll, déi mer an der leschter Woch haten, wier et noutwenneg, dass d‘Regierung reagéiert. Beim 3G op der Aarbechtsplaz wier een am Prinzip averstanen, och mam 2G an der Fräizäit, erkläert den CSV-Deputéierte Claude Wiseler.

Claude Wiseler: „Ech erlabe mer awer nach ze soen, mer géinge gären Texter kucken, sou wéi se lo kommen, wéi da lo 3G respektiv 2G an der Realitéit ëmgesat ginn. Well dat gëtt jo net einfach, dat gëtt jo problematesch. Ech wéilt wierklech gär den Detail gesinn, wéi sou Froe geléist ginn, wéi wat mat deene Leit geschitt, déi sech aus gesondheetleche Grënn net kënnen impfe loossen.“ 

Also wier et ee "Jo" am Prinzip, mä den Detail misst een nach kucken, wat am Gesetzestext steet, sou de Claude Wiseler.

Lockdown soll verhënnert ginn / Nei Restriktiounen: 3G op der Schaff, 2G bei Fräizäitaktivitéiten an Hobbyen

Back to Top
CIM LOGO