Invité vun der Redaktioun (17. Februar): Raymond Klein"Wa jidderee sech seet, en hätt keen Impakt, da mécht jo och keen eppes"

François Aulner
En Dënschdeg de Moie war de Ressourcëverbrauch vu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Raymond Klein
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

“Wa jidderee sech seet, en hätt keen Impakt, da mécht jo och keen eppes”. Dat sot de Raymond Klein en Dënschdeg de Moien hei op RTL. De fréiere Journalist schafft elo fir Action solidarité tiers monde a Votum Klima a mir hu mat him iwwert den Overshoot Day geschwat. Lëtzebuerg huet Berechnungen no haut schonn all d’Ressourcen opgebraucht, déi d’Land u sech fir dat ganzt Joer zegutt hätt. De Sprit op den Tankstellen oder villes vun deem, wat an de Rayonen ass, keeft Lëtzebuerg am Ausland. Wann ee genuch Suen huet, kann ee sech dat leeschten, mee dat heescht net, datt et nohalteg ass, esou de Raymond Klein. A sengen Aen ass de Modell op Kredit zanter Februar ouni Zukunft.

D’Argument, datt Lëtzebuerg kleng wier a keen Impakt hätt, huet hien net gëlle gelooss, well wa jiddereen esou géing denken, géing keen eppes maachen. Den Aktivist denkt, datt Lëtzebuerg am Géigendeel vill Méiglechkeeten hätt, fir eppes ze bewierken. Esouwuel finanziell, ewéi vum Man- a Womanpower hier, oder nach a Punkto Fuerschung an Infrastruktur. Lëtzebuerg kéint e Beispill sinn.

E Spuereffort muss gerecht sinn

Dem Raymond Klein no, kéinten d’Leit selwer hir Liewensgewunnechten e bëssen iwwerdenken, mee e Land kéint och a Punkto Verbrauch seng Politik änneren, zum Beispill an der Mobilitéit. Woubäi fir hien d’Elektromobilitéit och net all d’Problemer géing léisen, well d’Autoe jo mussen hiergestallt ginn. Vill méi misst een den ëffentlechen Transport, de Vëlo oder ze Fouss goe fërderen, vu datt dat och méi gesond wier.

Wat den Tanktourismus ugeet, dee vill vum ekologesche Foussofdrock vum Land ausmécht, do misst een dem Raymond Klein no schonn un der Steierschrauf dréinen. Dat dierf een awer net als “Verbuet” ugesinn, well wann ee wéisst, datt de Präis vum Sprit eropgeet, kéint dat och de Leit hëllefen, haut déi richteg Decisiounen ze huelen. Op d’Argument, datt méi spuersam sinn, net gutt fir d’Ekonomie wier, huet de Raymond Klein geäntwert, datt wann eng Mesure deem engen Deel vun der Wirtschaft schued, da kéint dat en aneren Deel fërderen.

Bei Votum Klima, eng Plattform, déi aus verschiddenen ONGe besteet, wier ee sech “ganz, ganz bewosst”, datt d’Gerechtegkeet an de sozialen Ausgläich eng grouss Roll spillen. De Raymond Klein huet awer och betount, datt et eng national an eng international Dimensioun gëtt: esou wier am globale Süden den Impakt vum Klimawandel vill méi grouss, genee esou ewéi d’Inégalitéiten tëscht dem Norden an dem Süden.

Invité vun der Redaktioun: Raymond Klein

Liest zu deem Thema och dësen Artikel:

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO