Parlamentaresch FroQuasi null Succès fir Logements-Konventioune fir BPIs

RTL Lëtzebuerg
An dëser Konventioun geet et drëms, fir Asyldemandeuren a Leit, déi eng Hëllef kréien, fir eng Wunneng ze lounen, e Logement zur Verfügung ze stellen.

Aktuell ginn et nëmme 15 Gemengen, déi eng Konventioun mam Inneministère hunn. Dofir kréien d'Gemengen dann eng Entschiedegung vum Staat.

Op dës Manéier sinn zanter 2015 eng 30 Logementer an deene 15 Gemengen zur Verfügung gestallt ginn - dëse System vu Subventionnement gouf also net a groussem Moos vun de Gemenge genotzt.

Ënnert de Gemengen, déi esou eng Konventioun ofgeschloss hunn, sinn ënnert anerem Bartreng, Betzder, Maacher, Keel, Mamer a Suessem.

Zanter 2015 huet den Inneministère eng 320.000 Euro an dës Form vu Subventioune fir d'Gemengen ausginn, déi mat op de Wee gaange sinn, fir eng Konventioun mam Ministère ofzeschléissen.

Dës Informatioune liwweren déi zoustänneg Ministere Kox a Bofferding op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Cecchetti an Oberweis vun Déi Lénk.

Back to Top
CIM LOGO